Eng vun de flottsten an interessantste Saachen u Comic-Bicher an allgemeng warscheinlech Fiktioun ass iwwer alternativ Storyen ze schwätzen.

Wat wier wann dee Personnage béis gi wier? Wat wier wann deen oder dat anert seng Fäegkeete voll ausnotzt? Wéi cool wier et wann… etc. etc. etc.

Esou Theorien an Diskussioune bleiwen oft am Frëndeskrees oder an engem Reddit thread mee mat Marvel’s What If… Serie huet dat sech elo geännert.

Iwwer 8 Episode geet déi animéiert Serie duerch verschidden Zenarien, an deene kleng Ännerunge vun den Evenementer vum Marvel Cinematic Universe zu grousse Konsequenze féieren a sech nei Storyen doraus entwéckelen. Fir een Nerd wéi mech, dee vu moies bis owes iwwer alternativ Storylines schwätze kann ass d’What If… Serie eng wëllkomm Ofwiesslung vun dem Marvel Cinematic Universe dat bis elo mat all neiem Film e bësse méi rigid ginn ass well et sech u méi Reegelen hale muss.

What If… konnt sech hei erlabe komplett verréckt ze goen well et praktesch un näischt gebonnen ass. Et representéiert eng vun de gréisste Stäerkte vum originale Comic-buch Medium. An zwar dass näischt festgesat ass an der Fantasie fräie Laf ka gelooss ginn a Marvel’s What If… notzt déi Stäerkt gréisstendeels gekonnt aus. Munch Episod huele méi wäit aus wéi déi aner mee se hunn all eng interessant “What If…” Iddi am Kär a si gutt Konversatiouns-Material fir Enthusiasten.

Déi gréisste Schwächte vu Marvel’s What If… si warscheinlech dass se op eenzel Episode limitéiert sinn an dowéinst kenne munch Geschichten e bëssen gehaselt erzielt eriwwer kommen an d’Qualitéit vun den Animatiounen an Dialoger variéiert och deelweis staark tëscht den Episoden. En anere Probleem ass, dass et der net genuch dovunner ginn.

Marvel’s What If… Serie ass frësche Wand fir ee Cinematic Universe, dat nach net ganz am selwechten Ausmooss expandéiert huet a fir all Marvel Fan unzeroden.