Médecins sans Frontières gëtt 50 Joer al. Eldoradio huet mat der ONG iwwer den Impakt vum Klimawandel a vum Coronavirus op déi humanitär Hëllef geschwat.

Médecins sans Frontières – kuerz MSF – gouf  1971 a Frankräich gegrënnt. D’Zil vun der ONG ass et, déi Mënschen op der Welt, déi keen Zougang zu medezinescher Verfleegung hunn, ze versuergen.

Zënter 1986 gëtt et Médecins sans frontières och zu Lëtzebuerg. 22 Ugestallter an 62 Benevolle schaffe fir MSF Lëtzebuerg. Wéi d’Esther Leick vu Médecins sans Frontières erkläert, huet d’ONG hei am Land haaptsächlech 3 Missiounen. Déi éischt Missioun wier et d'Leit fir d'Aarbechten an Erausfuerderunge vun der humanitärer Hëllef ze sensibiliséieren. Déi zweet Missioun wier et Suen ze sammelen, fir déi verschidden humanitär Aktioune vun der ONG ze ënnerstëtzen. Schliisslech huet MSF eng eege Fuerschungsekipp am nationale Gesondheetslaboratoire. D'Zil vun dëser Ekipp ass et erauszefannen, op wéi eng Aart a Weis een déi medezinesch Programmer vun MSF weider verbessere kéint.

Lauschtert hei de Reportage!

Médecins sans Frontières ass allerdéngs och um Terrain aktiv, fir Mënschen, déi sech an enger medezinescher Noutlag befannen, ze hëllefen. Ma wärend deene leschte Joren hätt de Klimawandel e staarken Impakt op dës Aarbecht um Terrain gehat. Esou misst een ëmmer méi Mënschen hëllefen, déi virun extreme Wiederphenomener flüchte géifen. Eleng am Joer 2021 wier d'ONG op 3 Plazen, op deene Leit wéinst extreemen Dréchenten an Nout waren, am Asaz gewiescht.

De Klimawandel hätt allerdéngs och Auswierkungen dorobber, wéi d'ONG schaffe géif. Dem Esther Leick no, géif ee bei MSF mëttlerweil duerno kucken, dass d'Asätz vun der ONG op eng Aart a Weis, déi Ëmwelt net ze staark belaascht, duerchgefouert ginn.

Bannent de leschte Joren hätt allerdéngs och d’Pandemie vum Coronavirus e staarken Impakt op d’Aarbecht vun der ONG gehat. Eleng zejoert hätt een iwwer 300 Projeten, déi sech ëm d’Lutte géint de Covid-19 gedréint hunn, organiséiert. Wéinst dem Kampf géint de Covid-19 hätt een allerdéngs aner Impf-Campagnen zum Deel net duerchféiere kënnen.

Wéi d’Esther Leick erkläert, géif d’Impfung eng essentiell Roll an der Lutte géint de Coronavirus spillen. Dës Lutte kéint nämlech nëmmen da gewonne ginn, wann all Mënsch op der Welt géint de Virus geimpft wier. An dësem Zesummenhang mécht Médecins sans Frontières dann och en Appell un d'EU an hir Memberlänner. Dës sollen d'Patenter op déi verschidde Covid-Vaccinen aussetzen. Nëmmen op des Manéier kéint séchergestallt ginn, dass genuch Dosisse vum Vaccin produzéiert géifen, fir dass Mënsch op der Welt Zougang zu der Impfung hätt.