Nodeems déi sanitär Situatioun sech nees berouegt huet, wéilt d'ACEL sech nees mat deenen Dossiere beschäftegen, déi an der Pandemie leie bliwwe sinn.

D’ACEL huet e Freideg ënner anerem déi nei Editioune vun hirem Guide du Futur Étudiant a vun hirem Guide du Futur Diplômé presentéiert. Wéi de Benjamin Kinn, President vun der ACEL sot, wieren a béide Guiden nei Deeler dobäi komm. Am Guide du Futur Diplomé wier en Deel iwwert de Service National de la Jeunesse dobäi komm. An Dësem géif ee weider Informatiounen doriwwer fannen, wat een no sengen Etüde maache kéint. Am Guide du Futur Diplômé wier iwwerdeems en Deel iwwert de Programm "Erasmus Plus" dobäi komm.

Donieft huet d’ACEL och de Bilan vum Impakt vun der Corona-Pandemie op d’Studenteliewe gemaach.  Um Ufank wieren haaptsächlech Studenten, a méi héije Semesteren, vun der Pandemie betraff gewiescht. Dës hätte manner Schwieregkeete gehat fir sech un déi nei Situatioun ze adaptéieren. Ma am Oktober zejoert, hätt d’Pandemie och déi nei Studente betraff.  Bei hinne wier de mentalen Impakt vun de Coronamesurë méi grouss gewiescht. Dat virun allem, well si wärend hirem éischte Semester dacks nëmmen Online-Coursen, a praktesch kee Kontakt mat anere Studenten, gehat hätten.

Ma nodeems déi sanitär Situatioun sech den Ament nees e berouegt huet, ass een och bei der ACEL domat beschäftegt nees méi grouss Evenementer ze organiséieren: Nodeems de Studentebal dëst Joer nees stattfanne konnt, wier een dann och schonn domat am Gaangen dat nächst gréissert Evenement ze plangen. Enn dës Joer soll nämlech nees den Tournoi de Noel stattfannen. Héi géing een den Ament kucken, ob een Dësen als Covid-Check-Evenement organiséiere kéint.

Selbstverständlech wéilt een sech bei der ACEL och erëm un déi Dossieren eru schaffen, déi wärend der Pandemie leie bliwwe sinn. Esou wéilt een d’Leit ënner anerem iwwer déi nei Prozedure fir sech vun der KFZ-Steier oder de Rundfunkgebühre befreien ze loossen, informéieren.

Hei kënnt dir de Reportage lauschteren!