D'Hierkonft vun de Schüler huet eng Auswierkung dorop, wéi dacks si Affer vu Mobbing ginn.

Mobbing ass en Thema, iwwert dat een net gäre schwätzt. Ma et ass awer eng Realitéit. An enger parlamentarescher Fro, wollt den Deputéierte Marc Spautz vun der CSV vum Educatiounsminister Claude Meisch a vum Minister fir bannenzegst Sécherheet Henri Kox Detailer iwwer de Mobbing an de Lëtzebuerger Schoule gewuer ginn.

Aus der Äntwert vun de Ministere geet dann ervir, dass déi lescht statistesch relevant Donnéeën iwwer Mobbing a Cybermobbing hei am Land stamen aus enger Etüd, déi d’Universitéit Lëtzebuerg am Joer 2018 duerchgefouert hat. 8.687 Kanner a Jonker am Alter vun 11 bis 18 Joer, goufe fir dës Etüd befrot.

Dobäi koum dann eraus, dass 8,5 Prozent vun de Jonken an dësem Alter schonn eng Kéier Affer vu Cybermobbing gi sinn. 21,4 Prozent goufen iwwerdeems offline an der Schoul gemobbt. Op der anerer Säit haten 10,6 Prozent vun de Schüler uginn, dass si anerer online gemobbt hätten. 16,6 Prozent haten zouginn, dass si aner Leit an der Schoul gemobbt hunn.

D’Zuel vun de Schüler, déi an der Schoul selwer gemobbt hunn, ass tëscht 2006 an 2018 zeréckgaangen. Esou louch d’Zuel vun de Schüler, déi hir Komeroden an der Schoul gemobbt haten, am Joer 2006 ëm 9,4 Prozent méi héich ewéi am Joer 2018.

Den Ament ass allerdéngs net gewosst, wéi sech d’Zuel vun de Schüler, déi anerer online gemobbt hunn, am Laf vun der Zäit entwéckelt huet. Allerdéngs ginn d’Fuerscher dovunner aus, dass 2018 insgesamt manner Schüler gemobbt goufen ewéi nach am Joer 2006.

Lauschtert hei de Reportage!

D’Etüd geet dann och op de Profil vun de betraffene Schüler an. Meedercher ginn deemno liicht méi dacks gemobbt ewéi Jongen. Wat d’Schüler méi al ginn, wat de Mobbing bei béide Geschlechter méi seele gëtt.

Och d’Hierkonft vun de Schüler huet eng Auswierkung dorop, wéi dacks si Affer vu Mobbing ginn. Esou gi Schüler mat Migratiounshannergrond am Schnëtt méi dacks gemobbt ewéi Schüler, déi hei am Land gebuer goufen. Och Schüler, déi aus engem Stot mat nidderegem Akommes kommen, gi méi dacks gemobbt. Dat selwecht gëllt fir Schüler, deenen hir Eltere gescheet sinn.

Déi nächst grouss Etüd iwwer d’Gesondheet vun de Lëtzebuerger Schüler soll d’nächst Joer publizéiert ginn.