Diskretioun, Professionalitéit a virun allem eng Méiglechkeet spéiderhin den Täter unzesichen. Dat ass méiglech wann een d'Hëllef vum Umedo ufreet.

Zanter 2018 gëtt et hei zu Lëtzebuerg den UMEDO. Dëse Service gouf am Kader vun enger europäescher Konventioun geschaf a riicht sech u jiddereen, deen Affer vu physescher oder sexueller Gewalt ass.

Wat mécht den UMEDO?

Den UMEDO besteet aus engem Grupp vu Rechtsmedeziner, dorënner souwuel Männer wéi Fraen. Wann een Affer vu physescher oder sexueller Gewalt ginn ass, kann ee si kontaktéieren. Dat fir ee medezinesche Constat ze maachen no esou engem Iwwergrëff. D'Rechtsmedezinner bidden esou d'Méiglechkeet Spueren, déi bei esou engem Iwwergrëff entstoe kënnen direkt ze sécheren. Esou, dass d'Affer och zu engem spéideren Zäitpunkt eréischt ka bei d'Police goen. An do net nëmmen seng eegen Aussoen huet, mee och Beweiser huet, déi viru Geriicht gülteg wieren. Dës geséchert Spuere ginn da wärend 10 Joer an der Datebank vum UMEDO gehalen. An dëser Zäit kann d'Affer da wann et sech bereet fillt dës Daten ufroen an un d'Police weider gi wann et dann eng Plainte féiere wëll. Wann d'Affer dëst awer net wëll, ginn dës Donnéeën no deenen 10 Joer geläscht. Den UMEDO soll also eng rechtsemedezinesch Hëllef si fir d'Affer. Ee psychologesche Support oder och ee Suivi gëtt awer net gemaach. D'Affer kritt awer och Ulafstelle mat op de Wee, entspriechend dem Besoin vum Affer.

Lauschtert hei e Reportage!

Wann een de Service vun UMEDO an Usproch hëlt verflicht ee sech also net dozou, dass een duerno och muss eng Plainte maachen.

Wichteg ass et, dass een den UMEDO esou zäitno ewéi méiglech no der Attack kontaktéiert. Doduerch sinn och nach Spueren do déi een effektiv dokumentéiere kann. Vue dass hei nëmmen déi kierperlech Schied kënne festgehale ginn.

U wie riicht sech den UMEDO?

Jiddereen deen Affer vu physescher oder sexueller Gewalt gouf, an net direkt no der Dot bei d'Police kann oder wëll goen, kann den UMEDO kontaktéieren. D'Geschlecht oder d'Hierkonft sinn hei egal. Et muss ee just iwwer 18 Joer al sinn. Wann ee weder Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch oder Englesch kann, kann een och mat enger Persoun déi iwwersetzt dohi kommen.

Wéi genee verleeft eng Ënnersichung beim UMEDO?

Als éischt muss een den UMEDO kontaktéieren. Dat kann een eemol iwwer Telefon maachen ënnert dem +352 621858080 oder via E-Mail op d'Adress info@umedo.lu. Dës si 24h/24  7 Deeg op 7 disponibel. Och wann een eng E-Mail schreift, gëtt ee Rendez-Vous awer iwwer Telefon ausgemaach. Dat fir eemol ze kucken, wou d'Affer wéilt hikomme fir d'Ënnersichung. Dës kann nämlech entweder am LNS zu Diddeleng gemaach ginn oder an engem vun de Partnerspideeler (CHL, Robert Schuman, CHEM, CHDN). Wann et sech ëm ee Fall vun engem sexuellen Iwwergrëff handelt, muss dës allerdéngs an engem Spidol mat engem Gynekolog oder engem Urolog gemaach ginn.

D'Ënnersichung leeft dann och an engem medezinesche Kader of. Als éischt ginn also déi offensichtlech Verletzungen dokumentéiert. Wéi zum Beispill un den Hänn, dem Gesiicht oder dem Hals. Wann d'Affer ugëtt, dass et soss keng weider Spuere gi vum Ugrëff, gëtt et och keen Zwang de Recht vum Kierper ze weisen. Wann et awer soss weider Plaze ginn, déi dokumentéiert gi solle gëtt dat och gemaach. An engem éischte Schrëtt gëtt dann den Uewerkierper ënnersicht, an engem zweeten den Ënnerleif, respektiv d'Been.