D'Coronapandemie soll gravéierend Auswierkungen op déi mental Gesondheet vun deene Jonke gehat hunn.

Weltwäit soll all siwente Mënsch am Alter tëscht 10 an 19 Joer soll un enger psychescher Stéierung leiden.

Dat geet aus dem Rapport “On MyMind”, vun der Unicef ervir, dee sech mat der mentaler Gesondheet vun deene Jonke beschäftegt. Zu dëse Stéierunge sollen ënner anerem Depressiounen, Angscht-Stéierungen a Verhalenes-Opfällegkeeten zielen. D’Suitte vun dëse Stéierunge kënnen deelweis gravéierend sinn.

Lauschtert hei de Reportage!

Esou huelen  sech all Joers 46.000 Mënschen am Alter tëscht 10 an 19 Joer d'Liewen. An der Alterskategorie vun de 15 bis 19-Järegen ass de Suicide déi véiert-heefegst Doudesursaach no Verkéiersaccidenter, Tuberkulos a Gewalt, déi si duerch aner Mënschen zougefüügt kruten.

De Rapport ass dann och op d’Auswierkunge vun der Corona-Pandemie op déi mental Gesondheet vun deene Jonken agaangen. Dës hätt déi Jonk enorm schwéier getraff. An enger Ëmfro, déi Unicef am Summer vun dësem Joer an 21 Länner duerchgefouert hat, haten 19 Prozent vun de Befroten am Alter tëscht 15 a 24 Joer uginn, dass si sech dacks depriméiert fille géifen. D’Verännerungen am Alldag, d’Ënnerbriechung vum Unterrecht, d’Ewechfale vu Fräizäitaktivitéiten a finanziell a gesondheetlech Problemer an de Famille sollen iwwerdeems dofir gesuergt hunn, dass vill jonk Leit ënner Angscht-Stéierunge leiden.

Weider kritiséiert d'Unicef am Rapport, dass et vill ze wéineg Offere fir Hëllef bei psychesche Probleemer géif ginn an, dass déi finanziell Mëttel an dësem Beräich vill ze niddereg wieren. Weltwäit géifen d'Regierungen am Schnëtt nëmmen 2 Prozent vun hirem Gesondheets-Budget fir de Beräich vun der psychescher Gesondheet ausginn. Et bräicht dréngend gréisser Investitiounen an déi mental Gesondheet vun de Jugendlechen.

Donieft missten déi wëssenschaftlech fundéiert Moossname fir d'Fërderung vun der psychescher Gesondheet vun deene Jonken ausgebaut ginn. Ënner anerem d’Schoule missten déi psychesch Gesondheet vun deene Jonken duerch qualitativ héichwäerteg Hëllefs-Offeren an e positiivt Ëmfeld fir ze léieren ënnerstëtzen.

Schliisslech dierfte Leit mat psychesche Problemer op kee Fall stigmatiséiert ginn. Vill méi misst een déi psychesch Problemer vun deene Jonken eescht huelen an an dësem Zesummenhang Opklärung bedreiwen.