An ärer Koppel maacht och heiansdo gären e bëssen de Geck mateneen? Ma da fannt eraus, wisou et guer net esou schlecht ass sech géigesäiteg ze "roasten"!

Am Liewe muss een net ëmmer all ze eescht huelen. An och an der Partnerschaft ass et ganz gutt fir d'Bezéiung wann ee sech géigesäiteg e bëssen opzitt. Sou laang béid Partner wëssen, dass dat net béis gemengt ass, an ee mateneen an net iwwertenee laacht ass dat eigentlech eng ganz gutt Saach. Hei e puer positiv Effekter déi doduerch opkommen:

Lauschtert hei eran!

1. Är Naupe gi gefeiert!

Oder opmannst weist äre Partner iech, dass en iech an är kleng "Feeler" gutt kennt. Well dat geet och nëmme wann der iech géigesäiteg gutt kennt. Dat sinn nämlech ganz heefeg Aspekter vun ärer Perséinlechkeet, déi aner Leit guer net gesinn. An äre Partner kennt se net nëmme mee weess se eigentlech ze schätze. Well se maachen iech zu der Persoun an der hien oder hatt sech verléift huet.

2. Är Verbindung verdéift sech

Well et eeben dacks Säite vun iech sinn, déi anerer net esou gutt kenne, sinn et eigentlech kleng "Insider-Jokes". An dat kennt der jo och vun äre gudde Kolleegen. Doduerch kënnt der iwwer Saache laachen, bei deenen anerer just ee grousst Fragezeichen op der Stier stoen hunn. An doduerch fillt der iech ärem Stupp nees méi no.

3. Et bréngt Spaass an eng Bezéiung

Eist Liewe besteet awer dacks aus Problemer, Stress oder soss Saachen iwwert déi mer eis de Kapp zerbriechen. A genee do deet et da gutt, wann äre Partner emol ee Kommentar mécht, deen d'Mondwénkelen no uewen zucke loossen an iech esou aus enger schlechter Stëmmung rappe kënnen. Well Laachen bleift déi beschte Medezinn géint schlecht Laun.