Fir déi, déi net wëssen, wat se am Oktober op de Streamingdéngschter kucke sollen huet eis Studentin d'Lea e puer Highlights zesummegesicht.

Lauschtert hei de Reportage:

Elo wou mer am Oktober sinn ass Halloween net méi wäit, fir Grujelfans all Joers en Highlight. Fir se an der „Spooky Season“ net ze enttäuschen, huet Netflix normalerweis ëmmer grujeleg Filmer a Serië parat. Dëst Joer zielen zu den spannenden Highlights d’Filmer "There’s someone inside your house" an "Army of Thieves" an och déi 3. Staffel vun der Stalker-Serie "You".

Donieft kommen dëse Mount och aner Seriëfans net ze kuerz: ënnert anerem kommen all Staffele "Seinfeld" an eng brasilianesch Versioun vun der Reality TV Show „Love is blind“ op Netflix. Fans däerfen sech och iwwert déi 4. Staffel "On my Block" an déi 2. Staffel "Locke & Key" freeën. Och vun der franséischer Dramedy Serie “Family Business” erschéngt dëse Mount eng nei Staffel.

Op Prime Video däerf een sech iwwert ganz vill Horrorfilmer wei "The Conjuring" oder "IT" freeën, mee och iwwert Blockbuster wéi "The Revenant", "Bohemian Rhapsody" oder "The Prestige". Gutt Noriichte ginn et och fir d’Fans vun der Serie "Lucifer", déi lescht Staffel kënnt och dëse Mount op Prime Video.

En Highlight fir Marvel Fans gëtt et dëse Mount op Disney+, do kann een ab elo de Film "Black Widow" streamen.