Et ass mëttlerweil déi 23. Editioun vun der "Mission Nichtrauchen" déi de Schüler d'Gefor vum Tubak soll verdäitlechen.

Zesumme géint den Tubak. Dat ass d'Zil vun der "Mission Nichtrauchen" déi elo fir déi 23. Kéier vun der Fondation Cancer zesumme mam Educatiounsministère lancéiert gouf. Hei sollen d'Klassen aus dem Lycée vu 7e bis 4e op een Zil hischaffen: net mam fëmmen ufänken oder domat ophalen.

Lauschtert hei eran!

Nach ëmmer stiewen all Joer bal eng hallew Millioun Persoune weltwäit un de Suitte vum Tubak. Fir dat ze verhënneren, ass et wichteg, dass d'Leit ophale mat Fëmmen. Oder guer net eréischt ufänken. Dofir huet d'Fondation Cancer dann och virun 23 Joer d'Mission Nichtrauchen eng éischte Kéier lancéiert. Hei verschreiwe sech Schoulklasse vu 7e bis 4e dem Zil net ze fëmmen. Entweder guer net unzefänken oder domat opzehalen. D'Mission Nichtrauchen dauert am Ganze 6 Méint. An huet och d'Zil de Schüler Informatiounen iwwert de Risiko vum Tubak an d'Schied déi een duerch de Konsum ewech droe kann.

Wéinst der Pandemie ass et dann nach ëmmer net méiglech, dass d'Schoulklasse, wéi et soss gemaach gouf, op d'Place d'Armes kommen zum Schluss vun dësem Challenge. Dofir huet ee sech dann eng aner Belounung ausgeduecht. Fir erauszefanne wéi eng Klass d'Mission Nichtrauchen am Beschten ofgeschloss huet, gëtt all Mount ee Quiz ausgefëllt vun de Klassen. D'Schüler beäntwerten dann hei Froen a schécken hir Äntwerten eran. Doduerch gëtt dann ermëttelt, wien déi beschte Klass war. Fir déi éischt Plaz gëtt et dann ee Geldpräiss vun 1'000€, déi 2. Plaz kritt 500€ an op der Plaz 3 ginn et 250€. Dës Suen dierfe vun der Klass dann esou genotzt gi wéi d'Klass dat wëll. Sief dat fir een Ausfluch oder eng Klassefriess, oder soss ee Projet. Ageschriwwe ginn d'Klassen iwwregens vun de Proffen. Iwwer 100 Klassen, si schonn dobäi.