Zanter uganks dës Jores sinn d'Präisser vu Bensin an Diesel staark an d'Luucht gaangen. Dofir ginn et eng ganz Rei Grënn:

Aktuell gëtt sech beim Tanke wuel deels gewonnert a geiergert. De Grond: De Präis vu Bensin an Diesel déi nees extrem staark geklomme sinn.

Uganks Oktober gouf et nees eng Hausse bei de Präisser op der Pompel. Souwuel de Bensin wéi och den Diesel kaschten domat bal 1,5 Euro de Liter.  Een neien historeschen Héchststand. Am Verglach: viru bal engem Joer huet ee beim Tanken fir den Diesel emol keen Euro bezuelt, de 95er an 98er louche knapps iwwert engem Euro de Liter. Do freet ee sech natierlech wisou dat esou ass.

Virop gesot: et ass net eleng zu Lëtzebuerg méi deier ginn den Tank ze fëllen. Ee ganz wichtege Punkt ass d'CO2-Steier déi an Europa um 1. Januar 2021 agefouert gouf. Dës huet eng Hausse vu 7 Cent de Liter fir de Bensin, an 8 Cent fir den Diesel mat sech bruecht. Ee weidere wichtege Grond ass de Präis vun de Rostoffer. Déi klammen och 2021 weider. Vue, dass Äerdueleg och ee Rostoff ass, kritt een dat beim Tanken ze spieren. An d'Pandemie huet och un der Zapfsail natierlech hiren Impakt hannerlooss.

Lauschtert hei eran!

Am Mäerz 2020 hu mer souzesoen alles stoen a fale gelooss wéi weltwäit Lockdowns ausgeruff goufen. Doduerch ass dann och d'Produktioun erofgefuer ginn. A manner Leit hu Bensin gebraucht, well den Auto gréisstendeels stoe bliwwen ass. Also sinn d'Präisser deemools staark gefall. Elo komme mer lues a lues nees méi an d'Normalitéit zeréck: et gëtt nees produzéiert an den Industrien, a mer benotzen och den Auto nees méi intensiv. Also brauche mer nees méi Petroll.

Ma an der Petrollsindustrie schafft een awer nach net op dem selwechten Niveau wéi virun der Pandemie. Eemol ginn et Problemer an der Liwwerung vum Äerdueleg, wouduerch dann och manner verdeelt gëtt, an d'Produktioun selwer leeft och nach ëmmer éischter schwéierfälleg. Déi schlecht Noriicht nach zum Schluss: een Enn vun de Präiserhéijungen ass nach net a Siicht.