Wou Marvel an aner Franchisen sech vill Zäit huele fir d’Theme vun Originalen ze etabléieren, hält de Film “The Green Knight ” sech onerwaart vill zeréck.

Baséierend op engem Gedicht aus dem 14ten Joerhonnert, erzielt “The Green Knight” eng adaptéiert Folklore Geschicht vum Sir Gawain, Neveu vum King Arthur, a sengen Aventuren op der Sich no Éier a Würd als Ritter. Am Laf vum Film entdeckt de Gawain divers Landschaften, Leit a Kreaturen an “The Green Knight” beweist sech hei als mystesch an der Aart a Weis wéi dës duergestallt ginn. Charaktere kréien nëmmen den absolutte Minimum un Hannergrond-Geschicht, Landschaften ginn ni präzis situéiert a Kreature ginn heiansdo och ugedeit.

D’Entscheedung d’Originnen, d’Motiver an d’Motivatioune fir all dës Zeenen vag ze halen ass eng filmesch Entscheedung wou et mer éierlech gesot schwéier fält se kloer ze evaluéieren. De Probleem, falls een et iwwerhaapt ee Probleem nenne kann, ass dass “The Green Knight” sech a senger Struktur an Duerstellung relativ no un d'original Gedicht hält ouni de wien, de wat an de wou ze erklären.

Dat féiert dozou dass de Film extreem ofgehaakt an net onbedéngt zesummenhänkend wierke ka wann een dat originaalt Gedicht oder d’Themen an d’Erzielstrukture vu mëttelalterlecher Poesie net kennt. Dat war op mannst bei mir de Fall well ech dem Film seng Erzielung eréischt ugefaang hunn ze appreciéieren, wöi ech d’Gedicht an d’Hannergrënn vu Mëttelalterlegenden am Nachhinein gelies hunn.

“The Green Knight” kann also fir den 08/15 Filmgänger e bëssen onzougänglech wierke mee wien dat originaalt Material kennt oder sech virdrun e bëssen Zäit hëllt fir Hannergrënn nozeliesen kritt hei eng gutt gespillten a schéi produzéiert Duerstellung vu Mettelalter-Folklore gebueden.