D'Campagne leeft vum 10. Oktober bis den 1. November, a soll d'Leit sensibiliséieren méi oppen an ouni Virurteeler iwwer mental Gesondheet ze schwätzen.

"Wisou solls du depressiv sinn, du hues jo alles!" "Du hues nach ni richteg Problemer gehat, dofir kann et der guer net schlecht goen!" Esou Säz héiert een och haut nach ëmmer ganz dacks, wann ee matdeelt, dass ee sech mental net gutt spiert.

Dobäi ass et net nëmme gutt, mee wichteg, dass eng Persoun iwwert seng Problemer schwätze kann. Well jiddereen kann an ee Lach falen. Egal wéi staark ee sech fillt. An egal wéi sécher ee sech spiert. An de Wee eraus ass schwéier. Wann een dann nach d'Gefill huet, dass een net doriwwer schwätze kann wéi ee sech spiert, fillt ee sech op eemol immens eleng.

Lauschtert hei eran!

A genee dat wëll een ännere mat der Campagne "Wéi geet et dir" vum Centre Hospitalier du Nord. Andeems een Témoignage vu Persoune weist, déi scho gekämpft hunn. Sief dat mat Panikattacken, Depressiounen, Iessstéierungen oder soss mentale Krankheeten. Dës Témoignage kënnen nämlech anere Leit hëllefe, well se weisen, dass et jiddereen treffe kann, mee virun allem, dass et ee Wee eraus gëtt, an ee Liewen no oder trotz senger Krankheet. Nëmmen andeems ee sensibiliséiert an den Tabu vum net schwätze brécht kann dat funktionnéieren.

Dofir wäerte vum 10. Oktober bis den 1. November Videoen a Message vu Psychiateren an Psychologen op de Social-Media Kanäl vum Centre Hospitalier du Nord ze gesi sinn. An natierlech Erfahrungsberichter vu Leit déi iwwert hir mental Krankheete schwätzen. Dat op verschidden Aart a Weisen. Ee weidere wichtegen Deel vun der Campagne ass d'Lidd "Net alleng" vum Unique. Ee Rapsong, deen thematiséiert, dass och wann een denkt, ganz eleng ze sinn, et ni wierklech ass.