Am Virfeld vum Éischt-Hëllef-Dag ass d'Präventioun en immens wichtegt Thema. 

Den neien Éischt-Hëllef-Cours gouf virgestallt. Dësen dauert 16 Stonnen an ass valabel wärend 5 Joer. Et gëtt neierdéngs keen Exame méi gemaach. Et handelt sech ëm Modulle vu 4 Stonnen. Um Site vum CGDIS kann een nokucke wou d’Coursen organiséiert ginn a wéi ee sech umelle kann.

Eng 80 benevole Moniteure sinn aktiv. Wärend der Pandemie hunn 11.037 Leit bei de Coursë matgemaach.

Communiqué

„Jidderee kann an enger Noutsituatioun hëllefen! Maacht en Éischt-Hëllef-Cours!“: D’Taina Bofferding lancéiert en Appel am Virfeld vum nationale Préventiounsdag

D’Éischt Hëllef stoung am Mëttelpunkt vun enger Pressekonferenz, [en Donneschdeg] de Moien, am Centre d’incendie et de secours (CIS) vu Mamer, kuerz virum 3. nationale Préventionsdag vum 10. Oktober, deen an deem Zeeche steet. Bei där Geleeënheet gouf deen neien Éischt-Hëllef-Cours virgestallt, dee sech iwwer 16 Stonnen erstreckt an dee 5 Joer gülteg ass. Dëse Cours, deem säi Schwéierpunkt um Praktesche läit an dee sech un den europäesche Standarden orientéiert, gëtt net méi duerch en Examen ofgeschloss. Bei dës Offer kënnt neierdings en isoléierte Modul vu 4 Stonnen dobäi, dee sech exklusiv mat der Réanimatioun a mam Gebrauch vun hallefautomateschen Défibrillateure befaasst. De Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS) huet e spezifescht Portal via den 112.lu, op deem all d’Coursen, déi en ubitt, opgelëscht sinn an op deem sech déi Interesséiert aschreiwe kënnen. Donieft ass eng interaktiv Broschür, an hirer elektronescher Versioun, scho gratis op franséisch an däitsch ze kréien. Versiounen an anere Sprooche kommen no.

Wat den Institut national de formation des secours (INFS) vum CGDIS ugeet, sou zielt deen eng 80 fräiwëlleg Moniteuren, déi am Beräich vun der éischter Hëllef aktiv sinn. Ze notéieren ass, dass trotz der sanitärer Kris 2020 net manner wéi 11.037 Leit bei engem vun den 1.004 Éischt-Hëllef-Coursen, déi vum INFS organiséiert goufen, matgemaach hunn.

Zu gudder Lescht huet de Luxembourg Resuscitation Council (LRC) e puer Deeg virum „World Restart a Heart Day“ vum 16. Oktober ë.a. den Akzent op d’Wichtegkeet vun den éischte Gestë géintiwwer Affer vun engem Häerz-Kreeslaf-Stëllstand geluegt. Wat méi Leit déi elementar Gestë kennen, wat d’Chancë méi grouss sinn, dass eng Persoun, déi a Gefor ass, iwwerlieft, bis de Rettungsdingscht op der Plaz ass.