Stress soll den Haaptausléiser vun der sougenannter "Leisure Sickness" sinn.

Nee et ass keng Abildung. Tatsächlech ass et esou, dass besonnesch vill Mënschen um Ufank vun hirem Congé krank ginn. Mëttlerweil huet dëse Phänomen dann och en eegenen Numm: “Leisure Sickness”.

Grond fir dës Erkältung an der Fräizäit soll de Stress sinn, deen een op der Aarbecht huet. Besonnesch an der leschter Woch virum Congé, hu vill Mënschen den Usproch alleguerten hir Projeten nach séier ofzeschléissen. Dat féiert dann dozou, dass een an dëser Woch besonnesch gestresst ass.

Dëse Stress huet dann och eng ganz Partie kierperlech Auswierkungen. Ënner anerem gëtt eisen Immunsystem eropgefuer. Dat ass eng Reaktioun, déi eise Kierper nach aus der Zäit vun den Urmënschen a sech huet. Hei war Stress meeschtens gläichbedeitend mat enger liewensgeféierlecher Situatioun. Ma wie grad virun engem wëllen Déier fortleeft, kann et sech net erlabe krank ze ginn.

Ma net nëmmen de kuerzfristege Stress, och de laang unhalende Stress, deem ëmmer méi Leit op der Arabescht ausgesat sinn, féiert zu kierperleche Reaktiounen. Ënner anerem féiert Dësen dozou, dass eise Kierper den Hormon Kortisol ausschëtt. Dëse suergt ënner anerem dofir, dass déi typesch Reaktiounen, déi eise Kierper am Fall vun enger Infektioun weist, als éischt emol ausbleiwen.

Wann dann de Stress vun der Aarbecht, ewéi dat um Ufank vum Congé de Fall ass, vun engem offält, kritt een op zwou Aart a Weisen d’Rechnung fir säin ongesonde Liewensstil. Engersäits fiert den Immunsystem nees erof an anerersäits fält de Niveau vum Kortisol-Spigel. Konkret bedeit dat dacks, dass een da krank gëtt an, dass d’Symptomer vun der Erkältung dann och zimmlech staark sinn.

Zum Schluss stellt sech natierlech d’Fro, wat ee géint déi sougenannte “Leisure Sickness” maache kann. Wéi bal iwwerall gëllt och hei de Motto “Virbeugung ass besser ewéi Heelung”. Deemno sollt een sech och a sengem Alldag en Ausgläich vun der Aarbecht schafen. Eng Méiglechkeet kann hei zum Beispill sinn, moderaten Ausdauersport ze maachen.

Hei kënnt dir de Reportage lauschteren!