Ënner anerem sinn d'Verkeef vun de wäisse Sneaker aus der Serie ëm 7.800 Prozent geklommen.

Am Netflix-Hit Squid Game muss e Grupp vun e puer honnert Mënschen an enger Serie vu Kannerspiller géinteneen untrieden. Wien alleguerten d’Spiller meeschtert kritt als Belounung dann en Undeel vun engem Präis vun ëmgerechent 33 Milliounen Euro. Eenzege Problem: Wie verléiert, dee gëtt ëmbruecht.

Ma den dystopeschen Thriller huet elo och am richtege Liewe Konsequenzen. Keng déidlecher awer duerchaus ekonomescher a gesellschaftlecher.

Ugefaange mat de Kleeder, respektiv Kostümer, déi d’Personnagen an der Sendung unhunn. Vun de Maske vun de Gardienen, iwwer d’Joggingskostümer vun de Spiller fënnt ee mëttlerweil op Amazon genuch Méiglechkeeten, fir dëst Joer Halloween voll am Trend ze leien.

Ee Kleedungsstéck aus der Serie erlieft den Ament iwwerdeems e besonnesch krassen Hype. Wéi e britteschen Online-Shop matgedeelt huet, wieren d’Verkeef vun de wäisse Sneaker, déi d’Spiller an der Serie unhunn, zënter där hirem Start ëm 7.800 Prozent geklommen.

Ma och den Interessi fir Koreanesch ze léieren ass nom Start vun der Serie geklommen. Esou ass d’Zuel vun den Notzer, déi mat der App “Duolingo” Koreanesch léiere wëllen a Groussbritannien ëm 76 an an den USA ëm 40 Prozent geklommen.

Netflix suergt awer och mat Marketing-Aktioune selwer dofir, dass hiren Hit an der richteger Welt Fouss faasst. Esou gouf d’Popp aus der éischter Episod vun der Serie elo virun der Entrée vun engem Akafszenter op de Philippinnen installéiert. Hei passt si dorop op, dass d’Leit net bei Rout iwwer d’Strooss ginn.

Mä den Hit aus Südkorea huet och manner schéi Konsequenzen. An enger belscher Schoul hunn d’Schüler rezent e Spill aus der Serie nogespillt an d’Verléierer zesummegeschloen.

Allerdéngs kann een d’Serie och ouni Gewalt am richtege Liewen nospillen. Dat war rezent zu Abu Dhabi de Fall. Hei waren 2 Ekippe mat jeeweils 15 Memberen an enger Rei vu Spiller aus der Serie géinteneen ugetrueden. D’Verléierer goufe selbstverständlech um Liewe gelooss. D’Gewënner kruten awer trotzdeem e Präis. Ob si souvill Sue gewanne konnten, wéi d’Spiller an der Serie ass allerdéngs net gewosst.

Hei kënnt dir de Reportage lauschteren!