En Temoignage vum Giulia Helminger.

Eng Etüd vum medezinesche Journal "The Lancet" huet erginn, dass am leschte Joer geschat weltwäit 52 Millioune Mënsche méi un enger depressiver Stéierung gelidden hu wéi dat nach virun der Pandemie de Fall war. Dorënner falen och Panikattacken: Kuerz Phase vun extremer Angscht, déi iwwerraschend oder a bestëmmte Situatioune virkommen a vu kierperlechen an/oder emotionale Symptomer begleet ginn. D’Giulia, eng 17 Joer al Schülerin, kennt dëst Phänomen virun allem ausgeléist duerch Präsentatiounen an der Schoul.

D’Stëmm ziddert, d’Häerz klappt an et fänkt een u mat schweessen – Dës Nieweneffekter bei Presentatiounen hate  bestëmmt scho méi Leit, ma d’Giulia huet genee dowéinst och laang gebraucht bis et realiséiert huet, dass seng Angscht sech vun deenen aneren hirer Nervositéit ënnerscheet. Obwuel d’Schülerin sech generell als extrovertéierte Mënsch géif beschreiwen, fillt et sech bei Präsentatioune wéi an engem Ausnamezoustand. "Et fillt sech esou u wéi wann d’Leit duerch mech kucken, wéi wa se gesi wat a mer ofleeft. Déi Angscht ass einfach do, se ass a mengem Kierper dran".

D’Giulia geet ganz oppe mat sengen Ängschten ëm an och d’Proffen a MatschülerInne sinn him bis elo ëmmer entgéint komm. Trotzdeem fënnt d’Schülerin, dass mental Gesondheet en Thema ass wat nach vill méi misst behandelt ginn. Hatt huet och relativ spéit eréischt realiséiert, dass et sech bei him ëm Panikattacke géif handelen. Wéi et sech dees bewosst war konnt et natierlech mat de Proffen an anerer SchülerInnen doriwwer schwätzen an et goufe bis elo ëmmer Léisunge fonnt.

Natierlech reagéiert all Persoun individuell op a wärend enger Panikattack, trotzdeem ginn et e puer Mëttel fir déi intensiv an ustrengend Phas duerch déi de Kierper dee Moment geet ze iwwerstoen. Wat d’Giulia séier geléiert huet war, dass et näischt bréngt d’Angscht ze ignoréiere mee et besser ass se ze acceptéieren a mat der Situatioun ëmgeet: "bewosst ootmen ass wichteg".

Lauschtert hei den Interview

Wie säin Alldag vun der Angscht bestëmme léisst a säi Verhalen esou upasst fir nëmme keng Panikattack ze erliewen, dee leit ënnert enger Panikstéierung. Wichteg ass et also d’Angscht net ze ënnerdrécken, awer sech och net vun hir leeden ze loossen. Doriwwer ze schwätzen, op säi Kierper ze lauschteren a sech Hëllef froen ass a punkto Gesondheet, sief et et physesch wéi mental, ni verkéiert. Genee dowéinst huet och de Centre Hospitalier du Nord "Wéi geet et dir ?" an d’Liewe geruff, eng Campagne, déi d'Leit sensibiliséiere soll méi oppen an ouni Virurteeler iwwer mental Gesondheet ze schwätzen.