Fir déi 13t Editioun vun de Rocklab Pop-Up Sessions hunn sech d'Organisateure rëm eng ganz speziell Location erausgesicht.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Mat 17 Joer huet den a Braslien gebuerenen Fred Barreto ugefaangen elektresch Gittar ze leieren. Am jonken Alter ass hien dunn mat verschiddene Bands aus Brasilien an den USA op Tournée gaangen. Am Joer 2005 huet de Fred Barreto dann um legendäre Montreux Jazz Festival gespillt an huet sech hei an Europa néiergelooss.

Wéi ass de Fred Barreto Museker ginn?

Haut gehéiert de Fred Barreto Group, deen hien 2009 gegrënnt huet fest zur Museksbranche a Lëtzebuerg an an der Groussregioun.

RTL

© Rocklab/Rockhal

No der Paus duerch d’Covid-Pandemie ass de Fred Barreto Group awer elo frou endlech rëm kenne live opzetrieden an hunn ee gutt gefëllte Concerts-Summer hannert sech.

Bei der Rocklab Pop-Up Session gouf sech rëm fir eng ganz speziell Location entscheet. Dës Kéier konnten d’Museker vum Fred Barreto Group bäim Luc vun "Tune Your Sound" spillen. De Luc huet nämlech eng Kollektioun vun iwwer 700 verschiddene Gittaren an aneren Instrumenter.

Wéi eng Gittar gouf benotzt?

Wärend der Rocklab Pop-Up Session huet de Fred Barreto Group dann och 3 Lidder vum neien Album "Moving On" gespillt.

Weéi eng Singlen goufe gespillt?

Déi nei Rocklab Pop-Up Session ass dann ab den 13. Oktober ab 17 Auer op Youtube disponibel sinn.