Dem David Papel vum Tattoo-Studio "Adikt Ink" no, géif de Verbuet vun de Faarwen iwwer d'Zil, d'Gesondheet vun de Leit ze protegéieren, erausschéissen.

Den 1. Januar soll eng nei EU-Direktiv a Kraaft trieden. Mat dëser wäerten 2 Faarf-Pigmenter, déi am Verdacht stinn kriibserreegend ze sinn, an der EU verbuede ginn. Ma dës Direktiv huet eng Konsequenz, mat där een den éischten Ament net onbedéngt gerechent hätt. Déi 2 Pigmenter sinn nämlech an enger ganzer Partie Faarwe fir ze tätowéieren enthalen.

De Besëtzer vum Tattoo-Studio "Adikt Ink", Steve Papel, wier vun offizieller Säit net iwwert de Verbuet vun de Faarwen informéiert ginn. Allerdéngs wier et dem David Papel no d’Aufgab vun all Mënsch sech iwwer d’Gesetzer, déi a sengem Beruff gëllen ze informéieren.

Déi nei EU-Direktiv géif fir den David Papel allerdéngs eng ganz Partie onnéideg Käschte mat sech bréngen. Dat well hien eng ganz Partie Faarwen, déi seng Tätowéierer vum 1. Januar un net méi benotze kéinten, ewechgeheie misst.

Lauschtert hei de Reportage!

Vill méi schlëmm wéi schlëmm wier fir den David allerdéngs de Fait, dass d’Tätowéierer sech duerch de Verbuet net méi esou fräi ausdrécke kéinten. Där Meenung ass iwwerdeems och de Marius, deen als Tätowéierer vill mat Faarwe schafft. Duerch de Verbuet, géif et fir hie méi schwéier ginn sech als Kënschtler auszedrécken a seng Clienten zefridden ze stellen.

De Marius géif sech dann och a senger kënschtlerescher Fräiheet ageschränkt fillen. Fir hie wier de Verbuet vun de Faarwe fir d'Tätowéierer ongeféier esou, wéi wann een zum Van Gogh soe géif, dass hien elo schwaarz-wäiss mole misst.

Den David kéint de Grondgedanken hannert der Direktiv iwwerdeems duerchaus novollzéien. Et wier wichteg d’Gesondheet vun de Leit ze protegéieren. Allerdéngs wier een am Fall vun der neier Direktiv wuel iwwer d’Zil erausgeschoss.

Et géife vill Saache verkaf ginn, vun deenen ee wéisst, dass se Kriibs verursaache kéinten. Firwat elo grad Faarf-Pigmenter, bei deenen et heifir keng Beweiser géife ginn, ob dat de Fall wier, verbuede ginn, kéint hien net esou richteg novollzéien.