Eng Party fréi verloossen ouni onhéiflech ze sinn, geet dat iwwerhaapt? D’Lea Winzen huet e Puer Tipps zu deem Thema zesummegesicht.

Hei kënnt dir de Reportage lauschteren:

Jidderee kennt op d’mannst eng Persoun, déi op enger Soirée ëmmer op eemol verschwënnt, ouni Äddi ze soen. Dobäi ass Äddi soen eppes, op dat een net verzichte kann, fir héiflech ze sinn. Et soll een ëmmer probéieren, dee jéineschen, deen d’Party organiséiert huet ze fannen. Kënnt et mol vir, dass dee wierklech net op ze fannen ass, soll een ëm eng Noriicht schreiwen, an där een Äddi seet an sech fir de flotten Owend bedankt.

Et ass och wichteg, op de richtege Moment, fir ze goen ze waarden. Beispillsweis ass et onhéiflech, wärend oder direkt no dem Iessen ze goen, well et soss schéngt, wéi wann ee just fir d’Iessen komm wier. Selbstverständlech ass et och e No-Go, viru Mëtternuecht ze goen, wann an e Gebuertsdag eragefeiert gëtt. E gudde Moment ass ëmmer dann, wa grad een anere geet, an deem Fall kann een sech einfach uschléissen. Muss een awer mol aussergewéinlech fréi goen, sollt een am Beschten eng Excuse hunn. Allerdéngs kënnt et och net gutt un, wann een deen ass, deen ëmmer Excusen erfënnt.

Wann ee wierklech goe wëll, sollt een sech och net vun deenen aneren iwwerriede loossen, méi laang ze bleiwen.

Et ass awer och net onbedéngt gutt, ëmmer de Leschten ze sinn, deen nach do ass. Situatiounen, an deenen ee mierke sollt, dass Zäit ass, fir ze goen, si beispillsweis wann een ze voll ass, wann een ze midd ass, wann een de nächsten Dag eppes Wichteges virhuet oder wann den Organisateur engem erkläert, wéi een am Beschten heem kënnt.