Eldoradio huet mam Claude Meisch iwwer d'Rentrée 2021/2022 an iwwer weider méiglech Oplockerunge vun de Mesuren an de Schoule geschwat.

Dem Educatiounsminister Claude Meisch no, wieren d’Schnelltester an d’Impfungen och no der Rentrée wichteg Outilen an der Lutte géint de Coronavirus. Dës hätten et nämlech erlaabt, dass d'Rentrée zimmlech normal iwwer d'Bün gaange wier. Bis ewell hätt een dëst Schouljoer weder op den Distanz- nach op de Wiesselunterrecht zeréckgräifen huet missen.

Allerdéngs géif et nach ëmmer eng Presenz vum Virus an de Schoule ginn. Dat wier den Ament virun allem an de Grondschoulen de Fall. Dat well d'Schüler hei an der Reegel nach net géint de Covid-19 geimpft wieren. de An de Lycéeë wier iwwerdeems all zweete Schüler geimpft. Wärend der nächster Woch, wéilt een d'Schüler iwwerdeems mat enger spezieller Campagne iwwer d'Impfungen informéieren an hinnen d'Méiglechkeet ginn, sech och am Lycée géint de Virus impfen ze loossen.

Déi verschidde Mesuren, déi een d’lescht Schouljoer huele misst, hate jo ënner anerem dozou gefouert, dass et beim Programm vun de Premièren zu Upassunge koum. Ob dat och dëst Schouljoer de Fall wäert sinn, kéint een zu dësem Ament allerdéngs nach net soen. Wann dat de Fall wier, géif een dat, dem Minister no, am Februar oder Mäerz vum nächste Joer kommunizéieren.

Och bei der Fro, wéini een de Mask an de Schoule komplett ewechloosse kéint, wier et den Ament nach ze fréi fir eng definitiv Äntwert ze ginn. De Minister hofft awer, dass een hei am Fréijoer weider Oplockerungen decidéiere kéint.

Fir den Ament wier et allerdéngs nach ëmmer wichteg de Mask unzedoen, wann een sech an der Schoul beweegt. Fir de Fall, dass ee positiv op de Virus getest géif ginn, wier et nämlech wichteg, dass ee mat esou mann ewéi méiglech Leit ongeschützte Kontakt gehat hätt.

Lauschtert hei de Reportage!