All Dag am Stau stoe fir op d'Schaff ass eppes wat d'Majoritéit vun de Leit kennen. Ma wéi kann een deem entgoen a wéi entsteet e Stau?

Wisou entsteet Stau?

D'Äntwert ass hei ganz banal an héchstwarscheinlech jidderengem bekannt. Stau entsteet duerch Accidenter, Pannen, Chantieren oder och einfach nëmmen duerch rout Luuchten.

Wéi verhënneren ech, dass Stau entsteet?

Hei gëllt et sech am Viraus ze informéiere wéi d'Situatioun op de Stroossen ass. Sief et andeems der den Eldo lauschtert oder iwwert ww.eldo.lu kuckt wou genau am Land Accidenter, Pannen a Chantiere sinn.

Wéi eng Alternative ginn et fir komplett op de Stau ze verzichten?

Wann een net wäit vu senger Schaff ewech wunnt an d'Wieder acceptabel ass, dann ass et de Vëlo op deen ee kann zeréck gräifen. Eng Weider Method fir d'Autoe vun der Strooss ze kréien ass den Homeoffice. Iwwert d'Pandemie huet ee gemierkt, dass vill manner Autoen ënnerwee waren. Wat net nëmme manner Stau mat sech bréngt mee och nach gutt fir d'Ëmwelt ass.

Wéi verhënneren ech, dass duerch mech Stau entsteet?

Ugefaange mat de Revisioune vum Auto. Wann een déi reegelméisseg mécht ass de Risiko eng Panne ze hunn natierlech scho vill méi geréng. Allerdéngs ass et och keng 100% Garantie. Donieft kann ee säin Auto am Diagnostic-Center vum ACL iwwerpréiwe loossen.

Wéini gëtt eng Rettungsgaass gemaach?

Esoubal Zéifloss oder Stau op enger Autobunn ass, soll een eng Rettungsgaass an der Mëtt vun der Strooss fräi loossen. Doduerch kommen d'Rettungsgefierer séier a sécher un hiert Zil.

Bréngt et eppes vun der Autobunn erof ze fueren an op Alternativen auszewäichen?

Do gëtt et eigentlech kee richteg a kee falsch. Esou laang nëmmen ee puer Autoen d'Alternativ benotzen ass et eng gutt Iddi. Eis Landstroosse sinn nämlech net fir déi Quantitéiten un Autoen ausgeluecht.

Wéi verhalen ech mech richteg am Stau?

Ganz wichteg ass et wann een op der Autobunn net permanent d'Spuer wiesselt. Dat steigert de Risiko vun Accidenter en Plus bréngt een aner Leit dozou eventuell onnéideg staark ze bremsen, wat dann ee Phantomstau verursaache kann.

Wat ass ee Phantomstau?

Wéi d'Wuert et seet ass dat ee Stau dee weder duerch een Accident, eng Panne oder ee Chantier verursaacht gouf. Et geet schonn duer wann am Beruffs-Trafic eng Persoun d'Spuer ze séier wiesselt an de Chauffer hannendrun staark ofbremse muss. Dat ofbremse passéiert deemno bei all Chauffer an der Rei, bis iergendwann een Auto duerch d'Bremse ganz un d'Stoe kënnt. Vue, dass mer Mënschen a keng Maschinne sinn a verschidde Reaktiounszäiten hunn, passéiert d'Ufueren net gläichzäiteg, mee een nom aneren. Resultat: Een typesche Stau ouni Accident, Panne oder Chantier.