Zum Start vum Unisjoer sinn am September erëm vill International Studenten an Holland komm, fir hei hiren Studium ze verfollegen.

Een Problem deen vill vun hinnen um Ufank vum akademeschen Joer opfannen, ass den enormen Mangel un Studentewunnengen, deen hei an Holland schonn säit villen Joren een Problem ass. Innerhalb vum leschten Joer, a och duerch d’Effekter vun der Pandemie, huet d’Situatioun sech awer nach eemol verschlëmmert. Den Mangel un Studentewunnengen ass nämlech em ganzer 20% gestigen, an soumat feelen momentan ronn 27.000 Studenten eng fest Wunnplaatz. Vill Jonker falen dowéinst op temporär Léisungen zeréck: se kommen bei Kolleegen ënner, an Hoteller oder Jugendherbergen, oder wunnen souguer um Camping. Ma nieft den internationalen Studenten déi betraff sin, ass dat ganzt och en Problem fir déi Hollännesch. Ëmmer méi vun hinnen fillen sech decouragéiert fir sech mat dësem Wunnengsmaart auserneen ze setzen, an bleiwen dowéinst léiwer doheem bei den Elteren wunnen. Well d’Chance eng Ënnerkonft ze fannen sou kleng ass, mussen se sech dann entweder an hirem Studiumschoix aschränken, oder bis zu puer Stonnen duerch d’Land reesen fir un hiren Kueren kënnen deelzehuelen.

An leider soll sech un dësem Wunnengs-Mangel an noer Zukunft net vill verbesseren. Am Géigendeel: Bis 2024 sollen sech em déi 50.000 Studenten an Holland ouni anstänneg Ënnerkonft zeréckfannen. Dat Eenzegt wat eis Studenten dann iwwreg bleift ass d’Protestéieren. Sou sinn fir den Recht vum Joer eng ganz Rei Demonstratiounen an den Studentenstiedt geplangt, fir op den Problem opmierksam ze maachen. Et bleift nëmmen ze hoffen, dass sech hei séier eppes ännert.

Domat soen ech "Groetjes vanuit Nederland, en tot ziens!"

Lauschtert hei den Reportage: