D'Chich an de Charel si schonn a Stëmmung fir Halloween. Elo battle si sech a kucken, wien dee schéinste Kalbass schnëtzelt.

Mat grujelege Gesichter kënnen d'Chich an de Charel sech aus, mee wien kritt dat ganzt besser an e Kalbass geschnëtzelt?

Fir iwwerhaapt mol kënnen de Battle unzetriede kruten déi zwee Besuch vun de Kürbisbauere Linda a Frank vu Kirf-Beuren. Dës hunn d'Morningshow mat 2 Schnitzkürbissen iwwerascht.

RTL

© Eldoradio

An dann? Deckel erof, Kalbass botzen an Gesiicht raschnëtzelen?

Klengt einfach.... ass et och villäicht. Awer net fir d'Schnëtzelernewcomer aus der Morningshow. No 2 1/2 Stonn, vill Sauerei, a bësse Gemuerks hu se et awer gepackt.

Wien gewënnt?

Op Instagram hunn 83% fir dem Charel säi Kürbis gevote. Fir dem Chich säin waren et der 17%.

RTL

© Eldoradio

RTL

© Eldoradio

Awer net just d'Morningshow huet sech kreativ konnten austoben. D'Eldoland war och fläisseg an huet richteg Konschtwierker geschnëtzelt.