Ënner anerem soll den Ubau vum Cannabis am Privaten erlaabt a reglementéiert ginn.

Déi repressiv Drogepolitik vun deene leschte Joerzéngte wier en Echec gewiescht. Do ware sech d’Justizministesch Sam Tanson, de Policeminister Henri Kox an och d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert eens. D’Justizministesch huet dann och erkläert firwat et mat enger repressiver Drogepolitik eleng net gedoe wier. D'Droge géifen nämlech net verschwannen, ganz egal ewéi repressiv ee géint Dës virgoe géif. Villméi géif eng Drogepolitik, déi nëmmen op Repressioun setze géif, eenzeg an eleng zu enger Stäerkung vum Schwaarzmaart féieren.

De Cannabis géif iwwerdeems déi illegal Drog bleiwen, déi am meeschte consomméiert gëtt. Hei géif de Fait, dass een den Handel mat dëser Substanz dem Schwaarzmaart iwwerléisst zu enger ganzer Partie Problemer féieren. Ënner anerem hätt ee keng Kontroll iwwert den THC-Gehalt an et géint een och net kontrolléieren, wéi eng Substanzen dem Cannabis bäigefüügt géife ginn.

D'Regierung géif dowéinst weiderhin un der Reglementatioun vum Cannabis festhalen. Den Ëmgang mam Cannabis soll deemno vum Ubau, bis hin zum Verkaf reglementéiert ginn. Allerdéngs wier ee bei dësem Projet duerch d'Corona-Pandemie ausgebremst ginn.

Allerdéngs wéilt een éischt déi Schrëtt vun der Reglementatioun Cannabis esou séier ewéi méiglech an d'Weeër leeden. Ënner anerem soll den Ubau vum Cannabis am Privaten erlaabt ginn. Ee Stot soll maximal 4 Planze besëtzen dierfen. Wat de Besëtz vum Cannabis ugeet, wäert et dann zu enger Dekorrektionaliséierung kommen. Konkret bedeit dat, dass wann ee manner ewéi 3 Gramm Cannabis bei sech huet, an erwëscht gëtt, een nëmmen nach Geldstrof vu 25 bis 500 € kritt. Donieft wäert et hei d'Méiglechkeet vun enger vereinfachter Prozedur ginn. Dat bedeit, dass een sech dozou decidéiere kann en Avertissement Taxé vun 145 € ze bezuelen, fir déi ganz Prozedur ofzekierzen. Egal wéi wäert et beim Besëtz vu maximal 3 Gramm Cannabis awer keen Antrag an de Casier méi ginn.

Hei kënnt dir de Reportage lauschteren!