No engem hallwe Joer a Singles ewéi "Feeling Alive" an "Never Too Late" ass den Jimmi Harvey zeréck mat neier Musek. Hie war beim Chris am Eldo-Interview!

Vu Metal iwwer Rock bis hin zu Indie-Pop - den Jimmi Harvey huet scho ganz verschidde Stiler an a ganz ville Projeten ewéi Angel At My Table an Austinn gespillt. Vill Leit géife mengen, dass hie sech komplett op d'Kopp gestallt hätt, mee am Endeffekt hätt hien ëmmer schonn elektronesch Musek gelauschtert an House-Musek wier ganz einfach dat, wourop hien aktuell Loscht hätt!

Den Jimmi Harvey iwwert säin aktuellen House-Projet!

No engem intensiven awer richteg schéine Summer voller Gigs huet den Jimmi elo "On & On" erausbruecht. Fir seng nei Single ass dem Jimmi e bësse back to basics gaangen. Huet hie bis elo bei senger elektronescher Musek manner bis keng real Instrumenter benotzt, si beim neien Track e prägnante Bass an eng Gittar verschafft - Instrumenter déi hien déi lescht 15 Joer gespillt huet.

"Wann ech e Song erausbréngen, hunn ech deen normalerweis schonn esou oft gelauschtert, dass ech en net méi héiere kann. Bei deem hei ass et awer iergendwéi anescht, dat mécht mech frou!"

Déi nei Single ass iwwert de Label Altro Moda Music erauskomm. D'Vocals komme vum iresche Sänger Rion S. Déi Zwee kennen a supporte sech scho laang an hunn elo decidéiert endlech zesummenzeschaffen.

Den Jimmi Harvey iwwert d'Zesummenaarbecht mam Rion S!

Beim Jimmi spillt och dat Visuellt eng grouss Roll. Dat mierkt een net nëmme wann een iwwert säin Insta-Account scrollt, mee och um Fait dass hien immens vill Aarbecht a seng Musek-Videoe stécht. De Video vun "On & On" huet hien zesummen mam Amii Watson hei zu Lëtzebuerg an awer och an engem alen DDR-Bungalow zu Berlin opgeholl. De Video kéint een duerchaus als "familiär" beschreiwen, well ganz vill Leit aus dem Jimmi sengem enken Ëmfeld, zum Beispill säi Papp, matgewierkt hunn. Inspiréiert ass en iwweregens zum Deel vum grousse Film-Klassiker "Forrest Gump".

"On & On" ass bis elo bei Wäitem dem Jimmi Harvey säi Release mam gréisste Support, national ewéi international. Stars ewéi Lost Frequencies oder Bakermat hu Shoutouts ginn an de Song och schonn an hire Sets gespillt. Dat géif mat sech bréngen, dass den Drock klëmmt an d'Leit ëmmer méi vun engem erwaarden. Den Jimmi mécht sech fir seng nei Projeten awer net ze vill Stress, probéiert Saachen ze kreeéieren déi hien och selwer feiert an et virun allem aus Spaass ze maachen!

Lauschtert hei de ganzen Interview mam Jimmi Harvey!

Lauschtert eran!