Éierlechkeet tëscht zwou verléifte Persounen ass eng wichteg Basis. Ma trotzdeem soll een oppasse wat ee verréit.

Lauschtert eran

Et gëtt jo mol dacks esou schéi gesot, dass all Dëppe säin Deckel fënnt. Allerdéngs ass dat méi einfach gesot wéi gemaach well vill Leit waarden oder sichen nach no dem passende Partner. Huet een dëse bis fonnt, ass een iwwerglécklech an et wëll een alles mat engem deelen. Ma do gëllt et awer opzepassen, well net alles wat ee vu sech Präis gëtt, dréit zu enger besserer Bezéiung bäi.

Ugefaangen am Alldag. Dësen deelt ee mateneen an dat och mat Recht. Probéiert hei just net all Detail ze erzielen, dat gëtt op Dauer langweileg an de Partner tendéiert bemol dozou ofzeschalte wann der nees ufänkt all Klengegkeet ze erzielen. D'Diskussioune wisou een net nolauschtert sinn esou also virprogramméiert.

Donieft ass et natierlech wichteg éierlech ze sinn. Vertrauen ass hei jo bekannter weis d'Basis vun all Bezéiung, ma awer och just a Moossen. Mierkt iech hei just, dass ze vill Infoen och kënnen toxesch sinn. Wéi vill Ex-Partner déi nei Léift hat ass villäicht interessant ze wëssen, ma wann d'Zuel héich ass, kann dat och mol ofschrecken. Deemno recommandéiere mir do nom Prinzip ze funktionéieren, dass manner Infoen heiansdo méi sinn.

Net ze vergiessen ass de Verglach zum Ex-Partner*in. Wann der är nei Léift mat enger fréierer vergläicht, da behaalt dat fir iech. Eng Ausso wéi: Mäin Ex huet dat an dat mol net gemaach, féiert éischter zu enger Diskussioun wéi zu engem agreabelen Owend.

Eise Rot ass deemno Folgenden: Sidd gläichzäiteg éierlech a geheimnisvoll. Ee Spagat deen net ëmmer ganz einfach ass. Ma wann een den Trick awer bis eraus huet, geléngt en ëmmer erëm an deet béide Säite gutt.