D'Faschingszäit gëtt den 11.11 um 11h11 lancéiert an dat all Joer. Et gëtt gefeiert, gelaacht a gedronk. Ma wisou eigentlech?

Lauschtert eran

Fir unzefänken ass d'Zuel 11 déi komeschst ënnert den Zuele virun allem wann ee sech 10 an 12 ukuckt. 10 steet fir déi 10 Geboter an d'12 fir 12 Apostelen an den Neiufank wéi d'Joer wat jo och 12 Méint huet. D'Zuel 11 bedeit deemno an der Bibel absolut näischt an ass ee Fräifaartsschäi fir déi alldeeglech Uerdnung ze sprengen, Grenzen ze iwwerschreiden an ee ''jeck'' ze sinn.

Eng Weider Theorie seet, dass Karnervalsveräiner ëm d'19. Joerhonnert d'Zuel 11 genotzt hu fir de Geck mat der franséischer Revolutioun ze maachen. De Sproch ''Egalité, Liberté, Fraternité'' ergëtt aus den Ufanks nämlech ''ELF''.

Donieft kéint et awer och sinn, dass den Ursprong vu vill méi wäit hiergeholl ass an zwar aus dem Joer 1331. Um Grënnungsdokument vun engem Faschingsveräin aus Kleve ass nämlech ee Sigel mam Walsproch:''Ey, lustig, fröhlich'', kuerz ''Elf''.

Eng méi Plausibel Theorie ass déi vun de Baueren. Déi sollen nämlech den 11. November als Schlussdatum vun der Landwirtschaftssaison festgehalen hunn. D'Recolte war ageholl, de Wäi war fäerdeg an d'Mod an de Kniecht hate Vakanz an Aussiicht, wat deemno ee Grond ze feiere war.

Dir gesitt et gi vill Theorien zum Ufank vum 11.11. Sicht iech déi eraus déi iech am Beschte gefält, verkleet iech an da vill Spaass beim Feieren.