Inside Job bréngt Humor an dat Absurd vu Verschwierungstheorie zeréck.

Verschwierungstheorien hunn iwwert déi lescht Jorzéngter e bëssen hire Glanz verluer. Mat den Effekter vun Mis- and Disinformatioun op soziale Medien mat deene ganz Demografike falsch informéiert an deelweis radikaliséiert ginn, verléiert ee schnell ee vun den amüsanten Aspekter vu Verschwierungstheorien aus den Aen. Nämlech dass se eng onheemlech originell oder absurd Form vu Fiktioun sinn.

Déi nei Netflix Serie Inside Job bréngt dës Aspekter vu Verschwierungstheorien an de Virdergrond a weist eis wéi et ass fir den Deep State ze schaffen. Chaos op der Aarbechtsplaz zum Beispill ass eis all bekannt; mee fir d'Charaktere vun Inside Job hellt Chaos ee liicht anert Ausmooss.

Kënschtlech Intelligenzen déi verréckt spillen, Klone vum Kennedy deenen ironescherweis NET duerch de Kapp geet dass hir Zäit eriwwer ass an Diplomatie mat der geheimer Eidechse-Societéit. Inside Job ass sech fir keng  ze schued a fënnt Verschwierung ee witzege Spin fir all Theorie. Esou guer eis gutt Kolleegen déi gleewen dass d' Äerd flaach ass si mat vun der Partie an och hei ginn se natierlech zu 100% seriö geholl...

Eng Tonn Referenzen, vill Humor an eng Prise Meta, Inside Job huet mech positiv iwwerrascht. Wiem dat net duer geet fir déi huet d'Serie och Charaktere mat vill Charme an zu onerwaarte Momenter esou guer ee méi seriéisen Message ze hannerloossen.

Lauschtert hei de Reportage