Enn September ass de Koichi Sugiyama am Alter vun 90 Joer gestuerwen.

No 50 Joer Karriär als Komponist ass de gebiertege Japaner eng wichteg Figur vun der Japanescher Musek-Zeen an dierft esou munchem Gamer och net onbekannt sinn. Nieft Filmer a Serien huet de Sugiyama nämlech haaptsächlech Soundtracks fir Spiller geschriwwen an domat net nëmmen innerhalb vun der Gaming Industrie selwer Welle geschloen.

Dem Sugiyama säi musikalescht Vermiechtnes a seng warscheinlech gréisste Leeschtungen fënnt een an de Soundtracks vun der Dragon Warrior an Dragon Quest Rei. Genau wéi Dragon Quest als Grouss-Papp vu Japanesche Rollespiller ka gesi ginn, ass dem Sugiyama seng ikonesch Musek ee wichtegt Stéck Museks-Geschicht an der Gaming Industrie mat där Standarte fir Musek a Spiller gesat goufen. Final Fantasy, Kingdom Hearts, Pokémon, all dës Spillreie sinn net nëmme spilleresch mee och musikalesch staark vu Dragon Quest an dem Sugiyama senger Musek inspiréiert.

Hie war ee vun den éischte Komponisten an den 80er deen Orchester-Musek an engem Spill produzéiert huet an en ass zu engem groussen Deel fir déi wuessend Popularitéit vu Concerte fir Videospiller verantwortlech nodeems säi Soundtrack fir Dragon Quest 2 1987 den éischte Videospill Museksconcert op der Welt war.

Ganz onbestridden als ëffentlech Perséinlechkeet war de Sugiyama awer och net. Esou war de Komponist zum Beispill ee bekannte Leugner vu Japanesche Krichsverbrieche am 2. Weltkrich wéi dem Nanking Massaker.

An awer war de Koichi Sugiyama eng fundamental Influenz fir Musek a Videospiller an den Dragon Quest Soundtrack wäert mer ëmmer gutt an Erënnerung bleiwen.

Lauschtert hei de Reportage