De Festival wäert op 9 verschidde Plazen uechtert d'Stad stattfannen.

D’Winterlights an der Stad wäerte vum 19. November dëst Joer, bis den 02. Januar daueren. Wéi déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer erkläert huet, wäert den Optakt nächste Freideg op der Kinnekswiss sinn. Da wäert um 12h00 Mëttes déi nei Schlittschongpist ageweit ginn.

D’Winterlights wäerten am Ganzen op 9 verschiddene Plazen uechtert d’Stad stattfannen. Ënner anerem wäert e Chrëschtmaart op der Plëss sinn. Wéi de Patrick Goldschmidt erkläert, wäerten d’Visiteuren nieft de 35 Stänn hei och nach eng Partie weider Attraktioune fannen. Ënner anerem wäert hei e Chrëschtbam vun 12 Meter stoen an et wäert all Dag um 17h30 eng Luuchte-Show gewise ginn. Ausserdeem wäert och eng Krëppchen op der Plëss stoen.

E weidere Maart wäert da bei der gëlle Fra sinn. Hei wäerten nieft 41 Stänn och e Riserad ze fanne sinn. Als Neiegkeete stinn dës Kéier ënner anerem den Niklosmaart op der Paräisser Plaz an de “Winterkids” am Haff vun der fréierer Nationalbibliothéik um Programm. Hei solle besonnesch déi kleng op hir Käschte kommen. De Kleeschen wäert iwwerdeems de 5. Dezember op d'Paräisser Plaz an op de Knuedler kommen.

Lauschter hei de Reportage!

Weiderhi wäerten eng 630.000 Luuchten an der Stad opgehaange ginn. Wéi de Serge Wilmes erkläert hätt ee bei der Beliichtung duerchaus Récksiicht op d’Ëmwelt geholl. Bei de Luuchte géif et sech nämlech em LEDen, déi wéineg Stroum verbrauchen handelen.

Wéinst dem Coronavirus wäert den Accès zu den Haaptsitte vun de Winterlights dem CovidCheck ënnerleien. Eng maximal Zuel vu Visiteure gouf net festgehalen. Allerdéngs kéint et sinn, dass den Accès zu engem Site zäitweis zougemaach gëtt, wann sech ze vill Leit op dësem ophale géifen.

D'Winterlights wäerte mat Ausnam vun Hellegowend an dem 1. Chrëschtdag all Dag op sinn.