Et ginn honnerte Kazen oder Hondsrassen. Se kommen an alle Formen, a mat ganz besonnesche Charakteristiken. Mee gutt ass dat net ëmmer fir d'Déier.

Et ginn eng ganz Partie un Déiererassen, déi wéinst bestëmmte Charakteristike geziicht ginn, well mer Mënschen dës entweder "séiss", "schéin" oder einfach besser fannen. Ma fir verschidde vun dëse Rassen ass hiert Ausgesinn awer ee grousse Problem. Hei sinn e puer Beispiller vun esou "Qualzuchten":

Lauschtert hei eran!

1. Scottish Fold Kaz

Se gesinn esou zockerséiss aus mat hiren Oueren déi esou ëmgeklappt sinn! Dobäi ass de Grond wisou hir Oueren esou ausgesinn et absolut net. D'Scottish Fold hunn esou ëmgeklappten Oueren wëll hire Knorpel einfach esou mëll ass, dass dësen d'Gewiicht vun den Oueren net packt. An och de Knorpel am ganze Recht vun hirem Kierper ass der Belaaschtung vun hirem eegene Kierper net gewuess. Knorpel sëtzt nämlech an all de Gelenker, an ass also immens wichteg fir d'Beweegung vun der Kaz. Duerch dëse schwaache Knorpel hunn esou Kaze ganz dacks schonn an engem jonken Alter Arthritis. Also enorm Péng bei all Beweegung. Dofir mussen dës Kaze leider och schonn an engem jonken Alter erléist ginn.

2. Mops, Bulldoggen, Frenchie & Co.

Hënn mat immens kuerze Schnuffe fannen immens vill Leit richteg léif. Se hunn och ee gudde Charakter a sinn och doduerch esou beléift bei hire Besëtzer. Just hire Kapp mécht hinne ganz vill Problemer. Wann een déi laang Schnuffe vun aneren Hënn wéi Labrador oder Schäferhond kuckt versteet een och séier wisou. Genee dat wat mer nämlech bausse bei engem Labrador gesinn, muss bei Mops, Frenchie a co. iergendwou bannen am Kapp Plaz fannen. Hutt der villäicht scho Videoe gesi vun esou Rassen, wéi se mat enger Spillsaach oder engem Plastikrouer an hirer Maul aschlofen. Ma dat maache se gäre fir kënne genuch Loft ze kréien am Schlof. Nieft immenser Kuerzootmegkeet kënnen an hire Falen ronderëm Nues och ganz séier Entzündungen entstoen.

3. Silkback- oder Leatherback-Bartagame

Sougenannte Qualzuchte gëtt et net nëmme bei Kazen oder Hënn. Och Reptilie sinn ëmmer méi dacks dovu betraff. Esou zum Beispill och d'Bartagame, respektiv bestëmmten Ziichtunge vun dëser. D'Silkbeack an d'Leatherback Ziichtungen bedeiten, dass d'Bartagame dann nëmme ganz kleng oder och einfach guer keng Schuppe méi huet. Ma dat ass awer aus e puer Grënn guer net gutt: Reptilie brauchen d'Schuppen als Schutz viru Verletzungen, virun UV-Stralen oder schützen se virdrun net auszedréchnen. Bartagame mussen dacks an der "Sonn" bueden. Am Terrarium sinn dat dann UV-Luuchten. Ma genee dës verbrennen deene Reptilien dann awer immens séier de Kierper.