Leeschtungen a Fäegkeete mussen net ëmmer vu wäitem ze héiere sinn.

Mir sichen e rouegen, nodenklechen, och gäre mol a sech gekéierte Mataarbechter. Dat sinn Annoncen, déi liest ee wuel éischter seelen. Eegenschaften a Skills vun introvertéierte Mënsche ginn an eiser (dacks haarder) Gesellschaft gäre mol negativ ugesinn. E séiere gudden Androck mécht een ebe meeschtens an deem een opgeschloss ass, sech a seng Iddie laudenhaart presentéiert a weist, dass een net op de Mond gefall ass. A genee doduerch gi Fäegkeete vun introvertéierte Mënschen, gären emol ënner. Dës sinn nämlech dacks gutt am Nolauschteren, am Analyséieren a Reflektéieren. Keng Eegenschafte mat deenen een op enger Party oder dem Smalltalk beim Virstellungsgespréich glänzt, ma a Punkto Problemléisung si grad dës Skills vu Notzen!

Introvertéiert Mënsche beschäftege sech méi op dat eegent Empfannen, Gefiller a Gedanken a meiden ze vill Stimulatioun vu baussen. Ma och hei hänkt et vu Persoun zu Persoun of a virun allem och vum Ëmfeld an deem sech den introvertéierte Mënsch befënnt. Och wann et ganz vill verschidde Formen dovu ginn, gi Mënschen déi net esou extrovertéiert sinn, gäre mol als ängschtlech oder schei Leit ofgestempelt. Grad am Beruff ass de Bléck no bannen awer wichteg. D’Virdeeler leien op der Hand: Introvertéiert Mënsche sinn dacks gutt doran Konzepter auszeschaffen an den Iwwerbléck ze behalen, si konzentréiere sech op hir Aarbecht a befaasse sech méi déifgräifend mat verschiddenen Themen. Am oppene Büro, grousse Meetings oder beim Brainstormen di se sech villäicht méi schwéier, ma fënnt ee bis säin Team an och Weeër fir emol den eegenen Akku opzelueden, kënne méi introvertéiert Leit beweisen, dass een net jäize muss fir Leeschtung no baussen ze droen.

An de verhaasste Smalltalk? Dee kann een dann nom Virstellungsgespréich och op der Säit loossen, de Chef an d’Kolleege si bestëmmt och guer net esou traureg doriwwer.

5 Tipps fir introvertéiert Mënschen am Beruff

1.Sief der denge Stäerke bewosst

Grad als introvertéierte Mënsch ass et wichteg seng Skills ze kennen an anzesetzen. Esou kënne Leit, déi introvertéiert sinn dacks gutt Nolauschteren, eng Eegenschaft mat där ee bei Kolleege punkte kann. Donieft besoen Etüden, dass Leit, déi sech méi roueg verhalen, dacks méi effizient schaffen. Dir posaunt et villäicht net esou raus, ma dir sidd genee esou wichteg fir d'Team wéi déi méi haart Aarbechtskolleegen.

2. Networking

Als nächst wëllt dir bestëmmt nach, dass ech Smalltalk maachen?! Jo ok Networking an Introvertéiert, geet villäicht net esou gutt Hand an Hand, ma et ass wichteg, an dat net just fir déi méi extrovertéiert ënnert eis. Wien dëst net gäre mécht, sollt sech awer elo net komplett eraushale mee sech einfach besser drop preparéieren. Dir schwätzt net gäre mat Friemen oder grousse Gruppe vu Mënschen? Da sicht den direkten Dialog mat eenzele Persounen, am beschte schonn ier jidderee beienee steet a sech iwwer d'Wieder an de Catering ënnerhält.

3. Preparatioun ass alles!

An nach emol: Bereet iech vir. Net just beim Networking mee och viru Meetings. Wie gutt preparéiert an e Meeting oder eng Presentatioun geet, ka sech besser op d'Situatioun aloossen an deemno och mat de Kompetenze glänzen.

4. Haltung behalen

Déi richteg Kierperhaltung ass méi wäert wéi ee mengt. Eng Aufgab bei där dir mol net schwätze musst well hei geet et ëm déi non-verbal Kommunikatioun, déi dacks och eng Wierkung op dat eegent Empfannen huet. Schëlleren, déi een hänke léisst suggeréieren e Mangel u Selbstvertrauen, zitt der se ze wäit erop wierkt et allerdéngs verkrampft. Am beschten: Dir hutt eng riicht Haltung an e feste Stand. Dat weist net just deene ronderëm, dass der net verluer ronderëm stitt mee gëtt iech och selwer d'Gefill vu Sécherheet.

5. Authentesch bleiwen

Tipps an Tricks hëllefen zwar fir méi sécher eriwwer ze kommen, ma eng introvertéiert Persoun, déi een op "Showmaster" mécht wierkt an de meeschte Fäll opgesat. Dat fält op Dauer net just aneren op, et ass och fir ee selwer ze ustrengend. Spillt keng Roll mee stitt zu ärer eegener Perséinlechkeet. A wann dat méi eng roueg ass, déi och mol 10 Minutten Auszäit brauch fir den eegenen Akku opzelueden, ass dat och am Aarbechtsalldag total ok!