De Filterkaffi feiert säi Comeback !

Den Dag start mam Kaffi! Dat ass e Statement, dee géife vill Leit genee esou ënnerschreiwen. Ma wéi soll et en da ginn? Séier séier ier een d’Haus verléisst, gemittlech um Dësch beim Moiesiessen, awer réischt op der Aarbecht oder nach schnell to go? D’Moiesritual kennt ganz ënnerschiddlech Formen, jee no Genéisser an och Zäit.

Ma wärend mer viru Jore gefeiert hunn, dass mer de Kaffi am Becher séier ënnerwee mathuelen, maache mer elo nees e Schrëtt zréck, oder wéinstens mol e puer Schrëtt méi lues! Ganz old school ass et nämlech elo nees am Trend waarmt Waasser duerch de Pabéiersfilter ze géissen an de Kaffi mat der Hand ze bréien. Lues drëpst de Filterkaffi an d’Kan an erfëllt de Raum mat sengem Geroch. Klengt fir Kaffi-Lover wonnerbar an och Frënn vun der Nohaltegkeet kënne frou sinn. Ëmmerhi stécht hei net just de Gedanke sech méi Zäit fir d’Gedrénks ze huelen derhannert, mee och d’Iddi ganz bewosst vu Plastikkappselen a Wegwerfbechere fort ze kommen.

Wien elo denkt den Trend mam Numm "Pour Over Coffee" wär dann einfach just normale Filterkaffee, deen iert sech. Et geet nieft der Qualitéit vum Kaffi och dorëms méi bewosst ze genéissen, eng Paus aus dem hekteschen Alldag ze kréien an dat Ganzt quasi als Zeremonie ze erliewen. Virun allem steet d’Konzept awer fir d’Zoubereedungsmethod, déi d’Aroma vun der Kaffisboun erëm no vir brénge soll. Wien also Kaffi gären huet an en net just drénkt fir séier wakereg ze gi mee fir sech och tatsächlech mol e Moment vum Genoss gënne wëll, dee sollt dës Method mol ausprobéieren.

Dat braucht der dofir:

  1. Fir d’éischt eng Filtertut an den Handfilter leeën a mat Waasser e bësse fiicht maachen.
  2. Duerno déi gewënschte Quantitéit u Kaffispolver (am beschte frësch gemuelen) an d’Tut maachen. Fir eng Tas vun 200ml brauch ee ronn 10g Polver.
  3. Elo d’Polver mat e bësse kachendem Waasser opgéissen. Déi optimal Temperature läit tëscht 92 Grad a 96 Grad.
  4. Nom Opquëllen dat Waasser, dat iwwereg bliwwen ass dobäi maachen an zwar a kreesfërmeger Beweegung, vu bannen no baussen an net ze séier. Déi ideal Zäit fir de Kaffi ze bréie läit bei 2-3 Minutten.
  5. Genéissen!