Den 11. Dezember fënnt am Home St Hubert zu Péiteng déi 12. Editioun vum Rock The South statt. D'Organisatrice Véronique Biver war bei eis am Interview!

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Den Newcomer Band Contest gëtt organiséiert vun der Gemeng Péiteng an Zesummenaarbecht mat der Péitenger Jugendkommissioun, Holtz Sound an dem Rocklab. D'Zil vum Evenement ass et jonke Bands déi nach ganz um Ufank vun hirer Karriär stinn eng Bün viru Public bidden a si ze pushen fir esou richteg an der Musekswelt unzekommen.

«Wie ka sech alles mellen? All jonk Band mat enger Altersmoyenne déi ongeféier ënner 35 läit. Et soll een op d’mannst zu engem groussen Deel hei zu Lëtzebuerg wunnen. An dann Alles wat iergendwéi an de Genre Rock geet, dat ass extrem breet gefächert. Dat geet vun Indie-Rock, bis …»

RTL

Véronique Biver / © Eldoradio

Aus den Inscriptiounen gi fënnef Bands erausgesicht, déi den Dag selwer alleguer eng hallef Stonn Live-Optrëtt op der Bün zegutt hunn. Duerno bewäert eng Jury hir Performancen an annoncéiert d’Gewënner.

«Et gëtt e Bong am Wäert vun 1000€ vun Holtz Sound ze gewannen fir eng Toun-Opnam ze maachen. Dann ass jo och de Rocklab mat dobäi, dee sponsert eis eng Rocklab-Session. A vum SNJ kritt een en Optrëtt um On Stéitsch Festival d’nächst Joer.»

Fir d’Bands geet et am Nomëtten mam Soundcheck lass, um 19:30 Auer geet dann de Contest un. Wann d’Gruppen alleguer duerch sinn an d’Jury sech fir d’Decisioun zeréckzitt, spillen d’Rock-the-South-Gewënner vun där leschter Editioun Atomic Rocket Seeders. Als Headliner trieden zum Schluss vum Owend Mad Fox op.

D’Deadline ass am Fong ugesat fir den 19. November, et geet awer net op e puer Deeg un!

Umellen kann ee sech folgendermoossen:

  • Telefon: 50 12 51 - 2075 (Véronique Biver)
  • Online: www.pétange.lu       

RTL