Lavabo, Iddi, Zentrum, oder och Pandemie sinn normal Wierder déi halt bei eis existéieren oder? Villäicht hu se awer och ee vill méi alen Uersprong.

Der sidd der Meenung, dass der net esou gutt a frieme Sprooche sidd? Dobäi schwätzt der se eigentlech bal all Dag. Der gleeft dat net? Da kuckt iech emol déi heite Wierder un:

1. Iddi

Jiddereen hat schonn emol eng gutt Iddi a sengem Liewen. Hätt der awer och gewosst, dass mer dat Wuert den ale Griiche verdanken? Et kënnt nämlech vum Wuert "idéa" wat am Algriicheschen esou vill bedeit wéi "Gestalt" "Ausgesinn" oder "Erscheinung". D'Wuert huet schonn deemools bedeit, dass et ee Gedanken ass op deen een och handele kann.

2. Lavabo

Zäit sech ze wäschen! Also ab bei eise gudde Lavabo. Grad elo an der Pandemie ass en nach eemol méi wichteg ginn fir sech kënnen d'Hänn ze wäschen. D'Wuert "lavabo" ass awer eigentlech ee laténgescht Verb a bedeit näischt aneres wéi "ech wäert wäschen".

3. Idiot

Idiote gouf et effektiv och scho bei den ale Griichen. Just do haten se eng aner Bedeitung wéi haut. Wa mer haut een "du Idiot" vernennen, ass dat net grad ganz positiv. Bei de Griiche war een "Idiotes" awer einfach ee Bierger an der Polis dee sech bewosst aus ëffentlechen a politeschen Affären erausgehalen huet.

Lauschtert hei eran!

4. Pandemie

Wuel dat Wuert dat am Moment am onbeléiftsten ass. Mee effektiv huet och d'Pandemie, respektiv d'Wuert säin Ursprong am antike Griicheland. Et sëtzt sech zesummen aus "pan", wat "alles" bedeit an "dēmos" wat da Vollek verbënnt.

5. Video

Och wa mer Videoe mat eiser moderner Zäit verbanne, ass den Ursprong vum Wuert definitiv net modern. Et ass nämlech ee laténgescht Verb a bedeit "ech kucken". An dat beschreift jo effektiv perfekt wat mer maache bei engem Video!

6. Gratis

Jiddereen ass frou wann et eppes gratis gëtt. An am Latäin gëtt et wuel dofir scho sou laang dat Wuert. "Gratis" bedeit iwwersat ongeféier esou vill wéi "ee Gefale maachen".

7. Zoo

Och eisen Zoo, huet schonn ee ganz laange Baart. Et kënnt nämlech vum algriichesche Wuert "zōon". Dat bedeit ganz einfach "Liewewiesen" oder "Déier". Iwwregens gouf et wuel schonn eng Form vun Zoo bei den Ägypter. Dat ronderëm 3'500 viru Christus. Do goufe wuel Wëllkazen, Nilpäerd, Elefanten oder och Paviane gehalen.