Fir déi 14t Editioun vun de Rocklab Pop-Up Sessions hunn sech d'Organisateure rëm eng ganz speziell Location erausgesicht.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Déi lëtzebuergesch Rapperin Nicool beschäftegt sech scho säit enger Rei Jore mat der Hip-Hop a Rap Zeen hei am Land.

Am Joer 2019 huet hat dunn säin alleréischten Album «Den Ufank vum N» erausbruecht, op dem ënnert anerem Lidder wéi "130 Säiten" oder och nach "Res.Pekt" mat drop waren.

D’Rapperin huet dann am Joer 2020 nach dräi aner Singlen erausbruecht. Hei ass "Stolz" dann éischter eng Single mat der hat well weisen, wéi wichteg eng Gläichberechtegung tëschent Männer a Fraen ass.

D’Rapperin hat dann trotz der Corona-Pandemie ee gutt gefëllte Concerts-Summer.

"Oh, et huet meng Batterie voll opgelueden an ech si prett elo ee Schrëtt zeréck ze maachen a manner Concerten ze spillen a méi Zäit rëm am Studio ze verbrénge fir mäin nächste Projet ze vollenden."

Dem Nicool seng Rocklab Pop-Up Sessions gouf dann an der Rockhal wärend enger Ausstellung iwwer Dinosaurier gefilmt an opgeholl.

"Ech hat déi grouss Eier do kenne mat den Dinosaurier kënnen ze filmen, ze kicken an ze rappen an dat wäert ech mäin ganzt Liewen net vergiessen esou flott war dat."

Wärend der Rocklab Pop-Up Sessions huet d’Sängerin dann 5 Lidder gespillt, ënnert deenen och zwou Singlen sinn, déi d’Nicool nach ni gespillt huet. Hat huet eis och gesot, dass een den Track bei dem hat niewent dem T-Rex steet ganz besonnesch soll nolauschteren.

Nei Musek ass dann awer och an der Maach:

"Et kennt ganz geschwënn eppes a mir sinn grad amgaang dat ze finaliséieren an ech sinn immens houfreg a gespaant iech kennen déi ganz nei Single kennen ze presentéieren."