Eng Tomatenzooss déi fir vill Diskussioune gesuergt huet: Pasta alla Puttanesca. Mee wouhier kënnt deen éischter speziellen Numm?

Déi meeschten Nimm fir Platen schéngen iergendwéi logesch ze sinn. Huele mer "Spaghetti aglio e olio" heescht iwwersat einfach: Spaghetti mat Ueleg a Knuewléck. A genee dat ass och schonn eng perfekt Beschreiwung vum Plat. Ma bei der Pasta Puttanesca ass awer manner kloer wéi een op dësen Numm komm ass.

Lauschtert hei eran!

"Pasta alla puttanesca" ass een napoletanescht Rezept fir eng relativ einfach Zooss. Dra gehéieren nieft Tomaten nach Oliven, Kaper, Anchois a Knuewléck. Do si sech d'Leit och all eenz. Vill méi gëtt iwwert den Numm gestridden. "Puttanesca" bezeechent am italieneschen nämlech eng Prostituéiert. Also wann der deen Nuddelplat bestellt, frot der eigentlech no "Nuddelen no Prostituéiertenaart".

Mee wisou? Well un de Saachen déi an d'Zooss kommen ass elo näischt verruuchtes. Och näischt wat ee lo mat dësem Milieu vu de Bordellen géif verbannen. Ma fänke mer fir un: de Plat soll ronderëm 1930 erfonnt, oder opmannst gängeg gi sinn. Do huet en awer nach "Maccheroni alla marinara" geheescht. 1961 ass dunn déi éischte Kéier den Numm "Spaghetti alla puttanesca" an engem Kachbuch opgedaucht.

D'Theorien iwwert den Numm si ganz verschidden. Eemol soll d'Zooss direkt an engem Bordell entstane sinn, a vum Yvette la Francese erfonnt gi sinn. Oder, dass d'Ingrédienten un d'Faarwe vun de Fraen hirer Ënnerwäsch erënneren. Villäicht kéint et och ee Mann op enger Insel virun Neapel gewiescht sinn, dee gutt a gäre gelieft huet. Eng definitiv Äntwert wäert et wuel ni ginn. Mee déi eng oder aner gutt Story ronderëm een aussergewéinlechen Numm dofir awer schonn.