"Ech ginn der mol keng 10 Joer méi, wann s de esou viru méchs", dat sot den Dokter zum 27 Joer ale Steve*

De Steve (den Numm gouf vun der Redaktioun geännert) ass 27 Joer al an huet bei enger Reesgesellschaft geschafft bis et him psychesch a physesch esou schlecht gaangen ass, dass e sengem Beruff net méi nogoe konnt. Bis dohin, an nach e Stéck méi wäit, well haut seet de jonke Mann, dass hie sech vill éischter hätt sollen Hëllef sichen. Am Gespréich huet eis de Steve verroden, dass hien duerch de Stress an d’Belaaschtung am Job net méi richteg schlofe konnt. Wärend der Nuecht ass hien opgestanen an huet wéi an Trance ugefaange Saache vu lenks op riets ze raume well en duecht e géif Wallissen an de Bus paken. Nieft de Schlofstéierungen, koumen aner Warnsignaler dobäi. Esou huet sech d’Middegkeet an eng emotional Middegkeet ëmgewandelt an och déi physesch Gesondheet beaflosst. Bannent 4 Méint hat de Steve 40 Kilo zougeholl an ass psychesch a physesch u seng Grenze gestouss.

Och wann et Iwwerwannung kascht huet, hat de Busfuerer sech decidéiert bei den Hausdokter ze goen a sech him unzevertrauen, deen en och direkt wieder geleet huet. Vun do u stoungen dunn en Openthalt an der Klinik um Programm, eng Kuer a ganz vill Gespréicher mat Psychologen. Net just Burn-out war d’Diagnos mee och Depressioun, keen ongewéinleche Begleeder fir d’Krankheet. An do wäre mer beim sprangende Punkt: Eng Krankheet. Och wann Iwwerstonnen, Stress an den Zoustand "Dauer-busy" ze sinn gäere mol glamouriséiert ginn an d’Leit, déi vun de Konsequenze betraff sinn, net ëmmer seriö geholl ginn: Et ass wéi Depressiounen och, eng Krankheet, déi ee villäicht net vu bausse gesäit, ma soll a muss traitéiert ginn. De Prozess ass villäicht net visibel a kënnt Schrëtt fir Schrëtt, ma iergendwann kënnt een un d’Leeschtungsgrenz, a virun allem un déi eegen physesch a psychesch Limiten, bis ee schlussendlech komplett ausgelaugt ass.

Sech net emol méi weekends kënnen ze erhuelen, permanent (emotional) midd ze sinn, Schlof a Konzentratiounsstéierungen, op der Aarbecht ëmmer nees kuerz virun den Tréinen oder um explodéieren ze sinn an ënnerlech déi ganzen Zäit opgewullt ze sinn. Dat alles sinn Unzeechen, déi ee seriö huele sollt. Den typesche Verlaf weist sech an enger éischter Phas duerch grousst Engagement an Asaz fir den Job. Da gëtt den Drock an d’Aarbecht awer esou vill, dass Betraffen un hir Grenz kommen an éischt Probleemer opdauchen. Trotzdeem gëtt d’Leeschtung nach emol no uewen geschrauft an et vernoléissege soumat déi eege Bedürfnisser. Grad an den Ufanksphase vun engem Burn-out ass et schwéier d’Unzeeche richteg ze deiten, ma wie mengt Signaler ze erkenne sollt net zécken a sech duerch checke loossen, an dat net just a Punkto physescher Gesondheet. "Léiwer eng Kéier ze vill bei ee goen a mat engem schwätzen, wéi et mat sech ze schleefe bis et ze spéit ass", esou de Steve am Eldo-Gespréich, dee vu sech selwer seet en hätt sech ze spéit Hëllef gesicht.

Ma en huet se sech gesicht an zanterhier geet et ëm zwar souwuel kierperlech wéi och emotional besser, trotzdeem huet en nach mat de Konsequenze vun der Diagnos ze kämpfen. Obwuel hie sech erëm fit fillt fir schaffen ze goen, kritt en keng gréng Luucht vum Aarbechtsdokter, bei Virstellungsgespréicher iwwerweien d’Virurteeler an a Punkto monetär Hëllef, géife sech sengen Aussoen no och Schwieregkeete weisen. Dem Aarbechtsdokter no, wär en nämlech duerch déi Extra-Kiloen nach net fit genuch, ma fir als aarbechtsonfäeg ze gëlle wär en dann awer ze gesond. En Däiwelskrees also aus deem et net esou eraus ze fannen ass. TROTZDEEM oder grad well de Wee eraus net deen einfachsten ass, ass et wichteg sech direkt Hëllef sichen ze goen a sech net ze pushe bis een iergendwann zesumme brécht.

Lauschtert iech hei den Interview un

Fir d’Krankheet Burn-out ze evitéieren a gläichzäiteg net méi ze stigmatiséieren ass et wichteg unzëerkennen, dass et jiddereen treffe kann: egal ob al oder jonk. Och, oder grad, am Job sollt doriwwer geschwat ginn a virun allem sollt een ëmmer ob den eegene Kierper lauschteren.

Wie weider Froen zu dem Thema huet oder selwer betraff ass, kënnt der iech u folgend Adresse wenden:

Beim Hausdokter oder Psychotherapeuten a Psychologen
Guide vun de psychiatresche Strukturen hei zu Lëtzebuerg
Kliniken wéi CHL oder Gesondheetszentrum vum Hopitaux Robert Schuman
Zentere vun der mentaler Gesondheet wéi d'Ligue d'Hygiène Mentale