"Harry Potter und der Stein der Weisen" feiert 20 Joer a mat dobäi sinn den Daniel Radcliffe, Emma Watson, Rupert Grint a vill méi!

Rumeure goufen et scho méi laang, ma elo ass et dann offiziell annoncéiert ginn: Fir d’Jubiläum vum Film „Harry Potter und der Stein der Weisen“ gëtt et eng grouss "reunion" mat de Stars vun de Filmer. Als Harry, Hermine a Ron hu se eng ganz Generatioun vu Fans verzaubert, den 1. Januar wärten den Daniel Radcliffe, d’Emma Watson an de Rupert Grint dann nees openeen treffen.

De Special mam Numm "Harry Potter 20th Anniversary: Return to Hogwarts" wäert um US-Streaming-Déngscht HBO Max lafen. Wéini d’Jubiläumsepisod och bei eis ze gesi wart sinn, ass nach net gewosst mee richteg Harry Potter fannen de Wee op Hogwarts bestëmmt zréck!

Wéi bei der Friends-Reunioun kann ee sech op Interviewen an eng Talkronn mat den eemolege Cast-Membere freeën. Confirméiert goufe scho folgend Leit, déi an de Filmer matgewierkt hunn:

  • Helena Bonham Carter (Bellatrix Lestrange),
  • Robbie Coltrane (Hagrid),
  • Ralph Fiennes (Voldemort),
  • Jason Isaacs (Lucius Malfoy),
  • Gary Oldman (Sirius Black),
  • Imelda Staunton (Dolores Umbridge),
  • Tom Felton (Draco Malfoy),
  • James Phelps (Fred Weasley),
  • Oliver Phelps (George Weasley),
  • Mark Williams (Arthur Weasley),
  • Bonnie Wright (Ginny Weasley),
  • Alfred Enoch (Dean Thomas),
  • Matthew Lewis (Neville Longbottom),
  • Evanna Lynch (Luna Lovegood) an
  • Ian Hart (Quirinius Quirrell) esou wéi de
  • Chris Columbus, de Regisseur vun den éischten zwee Harry Potter-Filmer

an natierlech deenen 3 Haapt-Schauspiller*Innen.

Hei fannt der den Trailer fir d'Reunion: