
© pexels.com
Op dem nërdlechen Deel vun eiser Äerd ass den Oktober jo eigentlech ee kale Mount. Dësen Oktober war do awer e bëssen anescht.
Mam Oktober kënnt den Hierscht an et gëtt nees méi kal, op mannst gëllt dat fir den nërdlechen Deel vun eisem Planéit. Dëst Joer war den Oktober awer beileiwen net esou kal wéi dat soss de Fall war.
Zanter 1880 gëtt d'Wieder elo genee dokumentéiert. Dat ass nawell eng Zäitchen. Fir genee ze si sinn dat 141 Joer. Also och 141 mol, dass d'Wieder vum Oktober observéiert gouf. An déi US-amerikanesch Klimaadministratioun "National Oceanic and Atmospheric Administration" huet dann elo matgedeelt, dass dësen Oktober 2021 dee wäermste wier dee bei hinne bis ewell gemooss gouf. Mat 0,11 Grad Celsius war dësen Oktober nach méi waarm wéi dee vun 2019.
Mee och weltwäit ass dësen Oktober méi waarm gewiescht wéi et gutt ass. De Rechnunge vun der NOAA no wier et dee bis ewell 4. wäermsten Oktober iwwerhaapt gewiescht. Deemno louchen d'Temperature bei 0,89 Grad iwwert dem Duerchschnëtt wéi nach am 20. Joerhonnert. An och allgemeng war d'Joer 2021 zimmlech waarm. Et war zwar net dat wäermste Joer iwwerhaapt mee, dass et an den Top 10 läit ass elo schonn zu 99% sécher esou d'NOAA.
An och d'Weltorganisatioun vun der Meteorologie hat matgedeelt, dass hire Rechnungen no dëst Joer den trauregen Trend weiderféiert. Si huelen un, dass 2021 op der 7. Plaz vun deene wäermste Jore läit. All dës Jore goufen zanter 2015 gemooss. 2016 war dann dat wäermste Joer iwwerhaapt bis elo mat 1,2 Grad iwwert dem Duerchschnëtt.