De neie Netflix-Film Red Notice geet aktuell weltwäit duerch de Plaffong. Eise Film-Expert Massimo seet iech, ob de Film sech lount oder net.

Den 12. November ass op Netflix de Film Red Notice erauskomm. Red Notice ass iwwregens d'Bezeechnung mat där Interpool déi meescht-gesichte Verbriecher vun der Welt identifizéiert. De Blockbuster ass net just déi deiersten Eegeproduktioun, déi Netflix bis ewell gemaach huet, ma geet de Film aktuell um Streamingdéngscht och duerch de Plaffong. Grond genuch also fir mech, Red Notice ze kucken.

Am Film geet et ëm den FBI-Agent John Hartley (Dwayne Johnson), deen hannert dem weltbekannte Konschtdéif Nolan Booth (Ryan Reynolds) hier ass. No engem Komplott géint den Agent mussen si allerdéngs zesummeschaffe fir e weidere Konschtdéif (Gal Gaddot) auszespillen, deen hinnen awer ëmmer e Schratt viraus ze si schéngt. D'Verfolgungsjuegd geet dobäi ëm déi ganz Welt.

200 Milliounen Dollar huet d'Produktioun vum Film kascht. Nieft de warscheinlech enorme Salairë fir déi dräi Haaptduersteller an de Regisseur, gouf bei dësem Film eng nei revolutionär Kamera-Technik benotzt. Donieft hunn d'Schauspiller rezent an engem Interview e weidere Grond fir den enorme Budget verroden. Si hätten um Set nämlech esouvill Dommheete gemaach, dass e Groussdeel vun den Zeene wéi dacks huet misse widderholl ginn.

Ma déi dräi Schauspiller Dwayne Johnson, Gal Gaddot a Ryan Reynold si warscheinlech och de Grond firwat de Blockbuster aktuell esou beléift ass. Keen anere Film gouf nämlech um éischten Dag esou dacks gekuckt wéi Red Notice. Si gehéieren allen dräi nämlech zu den ugesoteste Schauspiller, déi Hollywood aktuell ze bidden huet.

Ma just well vill Leit de Film kucken, heescht dat automatesch, dass en gutt ass? D'Äntwert ass ganz kloer Jein. Red Notice ass zwar keng Katastrophe, hätt awer wesentlech méi Loft no uewe gehat.

RTL

© Screenshot Rotten Tomatoes

De grousse Schwaachpunkt vum Film ass fir mech ganz kloer d'Story. Et ass wéi wann een 007, Mission Impossible an Indiana Jones an e Mixer geheit hätt an d'Resultat wier Red Notice. Am Laf vun der Handlung dauchen emplus verschidden Twists op, bei där ech éierlech gesot méi wéi eng Kéier d'Hänn iwwer de Kapp zesumme geschloen hunn. Kee Kapp a Kee Schwanz! Ok, eng realistesch Handlung hunn ech mir zwar net erwaart, mee wann dir de Film bis gesinn hutt, wësst dir bestëmmt wat ech mengen. Virun allem bei der Handlung gesinn ech hei einfach e klore Fall vu verschwentem Potenzial. Et hätt kéinten esouvill besser sinn.... An iwwer de kuerzen Optrëtt vun engem bekannte Weltstar wëll ech eréischt guer net schwätzen. Hei weist sech alt erëm, dass verschidde Leit fir genuch Geld wierklech alles maachen.

Red Notice huet awer och seng positiv Säiten. E weess nämlech och mat Amenter ze ënnerhalen. De Film lieft einfach vu senge Schauspiller. Den Dwayne Johnson ass wéi gewinnt de coolen a charismateschen Agent a beim Ryan Reynolds senge sarkastesche Witzer kéint ee mengen, den Deadpool géif an dësem Film matspillen. Ganz besonnesch iwwerzeegt mech awer d'Gal Gaddot an dësem Film. Verkierpert hat normalerweis Superhelde wéi d'Wonder Woman, spillt hat seng Roll als Béisewiicht wierklech perfekt. Wien also Fan vun den dräi Schauspiller ass, fënnt bestëmmt Gefalen um Film.

Dobäi kënnt vill cool Action an impressionant Biller, déi eis ronderëm d'Welt huelen (och wann een de Green Screen zum Deel besser hätt kéinte verstoppen). Stellt Iech bei dësem Film am beschte keng Froen, ma genéisst en einfach. Netflix beweist nämlech alt erëm, dass si et fäerdeg brénge fir an der Pandemie Filmer erauszebréngen, déi perfekt an dës schwéier Zäit passe wann ee Sonndes-Mëttes einfach ë bëssi Popcorn-Kino bingewatche wëll.

De Film kritt vu mir 2,5 vu 5 Stären

De Film lierft vu sengen dräi Schauspiller an der gudder Chimie, déi si zesumme verkierperen. D'Handlung gouf net fir Näischt perfekt op si ofgestëmmt. Ouni si wier Red Notice einfach e kompletten Disaster gewiescht. Esou kann een sech de Film awer duerchaus ukucken. Et ass awer leider esou, dass esouvill méi méiglech gewiescht wier...