Et gëtt se elo zanter 30 Joer, an huet schonn dozou bäigedroen dass honnerte Beem hei zu Lëtzebuerg geplanzt goufen.

Den "Dag vum Bam" gouf elo virun 30 Joer fir déi éischte Kéier lancéiert vum Haus vun der Natur an Ëmwelt. D'Zil vun dëser Aktioun ass et, esou vill wéi méiglech nei Beem all Joer ze planzen. Sief dat op engem privaten Terrain, um Terrain vun enger Gemeng, op der Gewan oder op engem Terrain vum Haus vun der Natur.

Mëttlerweil wier dee ganze Projet e bëssen ee "Selbstläufer" ginn. Ganz vill Gemengen an och Veräiner, géife scho vu sech aus den "Dag vum Bam" fest am Kalenner stoen hunn. An dann eeben och Beem planzen, esou den Direkter vum Haus vun der Natur, de Gilles Weber. Wéi vill Beem also an deenen 30 Joer geplanzt goufe wier schwéier ze soen. Mee et wieren der ganz vill, a virun allem och vun allen Zorten. Well all Joer gëtt een anere Bam zum "Bam vum Joer" gewielt. Esou, dass all Bam säi verdéngte Moment am Rampenlicht géif kréien. Dëst Joer ass et d'Stiechpalm. Dat ass ee Bam dee virun allem am Bësch ze fannen ass, an den Déieren och Friichten fir z'iesse liwwert.

Lauschtert hei eran!

Et gëtt iwwregens och ee gudde Grond wisou dësen Dag am November ass: dann ass nämlech déi beschten Zäit fir Beem an de Buedem ze setzen. D'Aktioun gëtt ëmmer mat enger Planzung gestart. Zesumme mat der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, der Natur- a Forstverwaltung an aneren Ënnerstëtzer vum Haus vun der Natur an Ëmwelt, ginn do dann 30 Beem geplanzt. Do kommen der am Laf vun der Aktioun awer nach vill dobäi. Wien dës Aktioun ënnerstëtze wëll kann dat op verschidde Manéiere maachen. Eemol kann een selwer ee Bam planzen. Wie keen Terrain dofir huet kann dann och mat enger Spend un d'Haus vun der Natur maachen, an entweder de Parrainage fir eng Heck oder ee Bam iwwerhuelen. Wéi der nach kënnt hëllefen oder matmaache fannt der hei eraus: