Eng Verfassung ass e Gesetz mat engem besonnesche Rang. Dës kann een deementspriechend och net esou einfach änneren ewéi een normaalt Gesetz.

Den Ament ass hei zu Lëtzebuerg eng grouss Reform vun der Verfassung am Gaangen. Do stellt sech engem deementspriechend d'Fro wat eng Verfassung eigentlech ass. Ass Dës en normaalt Gesetz, e besonnescht Gesetz oder awer eppes komplett aneschtes? Eldoradio huet sech mam Kim Nommesch vum Zentrum fir politesch Bildung iwwer dës Froen ënnerhalen

E Gesetz mat engem besonnesche Rang

Eng Verfassung ass e Gesetz mat engem ganz besonnesche Rang a stellt de Grondstee vun engem Staat an enger Gesellschaft duer. Wéi d’Kim Nommesch vum Zentrum fir politesch Bildung erkläert, géif eng Verfassung déi grondleeënd Aspekter vum Zesummeliewe vun de Bierger reegelen. Iwwerdeems géif d’Verfassung awer och de Kader fir déi aner Gesetzer definéieren. Dës mussen deemno den Inhalt vun der Verfassung respektéieren.

Donieft ginn an enger Verfassung eng ganz Partie Saache festgehalen. Ënner anerem sinn den Terrain vun engem Land an Dësem seng Haaptstad am Text vun der Verfassung definéiert. Ausserdeem stinn d’Grondrechter vun de Bierger an der Verfassung. Dat sinn zum Beispill d'Recht op Meenungsfräiheet, d'Reliounsfräiheet, d'Recht op Bildung an d'Gläichstellung vu Mann a Fra.

Hei gëtt erkläert wat eng Verfassung eigentlech ass!

Schliisslech erkläert eng Verfassung dann och wéi de Staat organiséiert ass. Deemno steet an enger Vergasung geschriwwen, wien wéi eng Muecht huet. Also wien dofir zoustänneg ass Gesetzer ze maachen an un wiem et läit fir dës Gesetzer unzewenden.

Eng Ännerung vun der Verfassung muss mat enger Majoritéit vun zwee Drëttel gestëmmt ginn

Eng Verfassung kann dann och net esou liicht verännert ginn, ewéi en normaalt Gesetz. Fir eng Ännerung vun der Verfassung brauch et nämlech eng Majoritéit vun zwee Drëttel an der Chamber. Eng einfach Majoritéit, wéi een se bei der Aféierung vun engem normale Gesetz brauch, geet hei net duer. Ausserdeem muss hei eng 2. Ofstëmmung stattfannen. Tëscht béiden Ofstëmmunge mussen dann op d'mannst 3 Méint leien. Déi 2. Ofstëmmung kann awer och duerch eng Ofstëmmung ersat ginn.

Dass een eng Verfassung net esou liicht ännere kann, huet iwwerdeems ee Virdeel, deen een net vernoléissege sollt. Esou kënnen d’Rechter vun de Bierger, déi an der Verfassung festgehale sinn, net esou einfach nees ofgeschaaft ginn.

Verschidde Grënn dofir, dass d'Verfassungsreform esou laang dauert

Dass de Prozess vun der Verfassungsreform hei am Land esou laang dauert huet dem Kim Nommesch vum Zentrum fir politesch Bildung no dann nach e puer weider Grënn. Virop misst een sech déi grouss Envergure vun der Verfassungsreform virun Aen halen. Ursprénglech hätt een nämlech eng a groussen Deeler nei Verfassung op d'Bee stelle wëllen. Dës soll zwar ganz vill wichteg Saache vun der aler Verfassung enthalen, allerdéngs soll de Gros vun der Verfassung iwwerschafft an un déi haiteg Situatioun ugepasst ginn. Vue, dass déi aktuell Lëtzebuerger Verfassung schonn iwwer 150 Joer huet, wier et nämlech néideg eng Partie Elementer vun Dëser un déi haiteg Zäit unzepassen. Et géif ënner anerem dorëms goe, verschidden Termen ze moderniséieren. Verschidden Aspekter missten awer ganz nei an d’Verfassung mat agebonne ginn.

Vue, dass esouvill Aspekter vun der Verfassung geännert ginn, goufen dann och eng ganz Partie Acteuren no hirem Avis gefrot ginn. Ausserdeem goufen d’Bierger an de Prozess vun der Reform mat agebonnen. Si konnten hir Iddien zu der neier Verfassung nämlech am Kader vun enger Bierger-Plattform äusseren. Weiderginn hat d’Regierung sech am Kader vun der Reform mat enger ganzer Partie Experte beroden.

Hei gitt dir gewuer, firwat d'Reform vun der Lëtzebuerger Verfassung esou laang dauert!

Schliisslech ass et dann - wéi scho gesot - och esou, dass d’Chamber eng Ännerung vun der Verfassung mat enger Majoritéit vun zwee Drëttel unhuele muss. Ausserdeem ass hei en 2. Vott obligatoresch. Dëse kann allerdéngs duerch e Referendum ersat ginn. Ob et hei am Land zu engem Referendum iwwer déi nei Verfassung kënnt, wäert sech nom 20. Dezember decidéieren. Bis dohinner kënnen d’Bierger eng deementspriechend Demande ënnerstëtzen.