Dem Klimawëssenschaftler Andrew Ferrone no, géif en hallwe Grad Temperaturënnerscheed e groussen Ënnerscheed bei de Konsequenze vum Klimawandel ausmaachen.

D’leschte Sonndeg war d’Weltklimakonferenz vun de Vereenten Natiounen zu Glasgow op en Enn gaangen. No laange Verhandlunge konnten sech déi ronn 200 Länner déi un der COP26 deelgeholl hunn schlussendlech awer nach op eng gemeinsam Ofschlosserklärung eenegen.

Ee vun de wesentleche Punkten, déi an Dëser festgehale goufen, war jo, dass een d'Hausse vun der globaler Duerchschnëttstemperatur elo definit op 1,5 Grad géigeniwwer dem virindustriellen Zäitalter begrenze wëll. Am Paräisser Klimaaccord war jo nach dovunner riets, dass een d’Erwiermung méiglechst op 1,5, maximal awer op 2 Grad limitéiere wéilt.

Eldoradio hat dowéinst  mam Klimawëssenschaftler Andrew Ferrone, dee Lëtzebuerg am Weltklimarot vertrëtt, doriwwer geschwat, ob en hallwe Grad Ënnerscheed an der Temperatur wierklech esou e groussen Ënnerscheed bei de Konsequenze vum Klimawandel ausmécht. Wéi hien eis erkläert huet, wier dat effektiv de Fall. Zemools wann et ëm d'Heefegkeet vu méi extreeme Wiederphenomener geet, kéint en Ënnerscheet vun engem hallwe Grad an der Temperatur e groussen Ënnerscheed bei de Konsequenzen ausmaachen.

Mam Frank Thinnes, vu Greenpeace Lëtzebuerg, huet Eldoradio sech dann doriwwer ënnerhalen, ob d'Mesuren, déi an der Ofschlosserklärung vun der COP26 festgehale goufen, effektiv duerginn, fir déi global Erwiermung op 1,5 Grad géigeniwwer dem industriellen Zäitalter ze limitéieren. Wéi am Gespréich erauskoum, ass ee bei der Ëmweltschutzorganisatioun hei éischter skeptesch.

Hei kënnt dir d'Rediffusioun vum Livetake, deen e Freideg de Moien zu dësem Sujet op Eldoradio gelaf ass, lauschteren:

Lauschtert bis eran!