Wat kascht de Glüwäin, d'Raclette oder de Gromperekichelchen dëst Joer bei de Winterlights an der Stad? Mer hunn mol gekuckt!

D'Winterlights an der Stad hunn de Freiden 19. November ugefaangen. Do gëtt et dann allerlee z'iessen an ze drénken. Mee wéi déif muss een an de Portmonni gräifen fir Gromperekichelcher z'iessen an ee Glüwäi mat oder ouni Schuss ze drénken?

Lauschtert hei eran!

D'Gedrénks:

Glüwäi gëtt et op all eenzel Plaz wou d'Winterlights sinn. Dat souwuel op der Plëss, bei der gëlle Fra oder och op der Äispist op der Kinnekswiss. Wien sech ee Glüwäin ouni Schuss wëll gënnen, muss dofir tëscht 3,50€ a 4€ ausginn. Mat Schuss, muss een 1-2€ drop leeën an tëscht 4,50€ oder 6€ prett hunn. De Schoki fir eis waarm ze hale kritt ee fir 3€ oder 3,50€, wann een och hei nach een extra Schuss wëll, ginn et 4€, respektiv bis zu 5,50€ ze bezuelen.

D'Feuerzangenbowle gëtt et nëmmen um "Wantermaart" bei der Gëlle Fra. Op deenen zwee Stänn, déi se offréiere kascht se da 7€.

Gi mer eriwwer bei d'Iessen

Eng Portioun Gromperekichelcher kaschten ee bei de Winterlights 5€ oder 6€, wann een Äppelkompott dobäi wëll, ass ee weideren Euro fälleg. D'Kéisfondue kascht da 7€, an d'Raclette tëscht 6€ an 9,50€. Wie Loscht op Spätzle huet bezillt hei 6,50€, mat Foie Gras dobäi läit een da scho mol bei 16€. Wien eppes manner fetteges wëll, kann entweder de Flammlachs am Bréidche fir 9,50€ oder um Teller fir 17€ kafen.

Am séissen Eck kaschten d'Crêpen tëscht 3,50€ a 5,50€ je nodeem wat ee gären drop hätt. De Kürtos kascht am Grousse 6€ an eng kleng Portioun 3,50€