Gitt der och ëmmer nees an der Nuecht sou ronderëm 3-4 Auer wakreg? Da fannt eraus wisou, a wéi der iech hëllefe kënnt.

Ganz vill Leit hunn alt emol Problemer mam Schlof. Dat kann duerch Stress sinn, ze vill oder och ze wéineg iessen, oder och ënnerlech Onrou. Mee et gëtt och de Fall, dass een einfach ëmmer nees ëm déi selwecht Auerzäit wakreg gëtt. An da kann och d'"Wollefsstonn" Schold sinn!

Der gitt ëmmer nees tëscht 3 a 4 Auer Mueres wakreg a kënnt och net méi esou liicht aschlofen? Da sidd der wuel mat der Wollefsstonn geplot! De Grond dofir si (wéi sou dacks) eis Hormoner. Fir déif an anstänneg ze schlofe, brauche mer genee dee richtege Cocktail aus dräi Hormoner: Melatonin, och bekannt als "Schlofhormon", d'Gléckshormon Serotonin an nach Cortisol. Dëst Hormon ass ënnert anerem fir d'Stressreaktioune vun eisem Kierper responsabel.

Lauschtert hei eran!

Esou géint 3 Auer mueres ka genee déi Mëschung vun Hormoner aus dem Gläichgewiicht kommen. Eng Rei Faktore spillen hei zesummen: eis Kierpertemperatur ass däitlech méi niddreg, eise Melatonin-Spigel héich, mee de Cortisol- a Serotonin-Spigel sinn zur selwechter Zäit niddreg. Doduerch gi mer méi séier wakreg. Weider ass och eist Gehier zu dem Zäitpunkt manner duerchblutt, well et souzesoen op "Standby" leeft. Dat bedeit, dass wa mer an deem Moment wakreg ginn, si mer immens ufälleg fir negativ Gedanken.

A wat kann een dogéint maachen? Probéiert et als éischt mat der 4-4-4 Otemtechnik: 4 Sekonnen anootmen, 4 Sekonnen den Otem halen, an da 4 Sekonne komplett ausotmen. Maacht och keng grouss Luuchten u, soss ass äre Kierper definitiv wakreg. Eng duuss Luucht ass okay. Liesen hëlleft och nees midd ze ginn. A wann et guer net geet da muss een halt opstoen. Dat am Beschten awer ganz lues. Drénkt och ee Glas Waasser, och hei ouni ze séier ze sinn. A leet iech virun allem eréischt nees an d'Bett wann der midd sidd. Am Beschten Handy, Tablet oder Laptop komplett op der Säit loosse wann der nees aschlofe wëllt.

Iwwregens soll dës Stonn "Wollefsstonn" heesche, well zu dem Moment ausser de Wëllef, soss kee wakreg ass.