Wann een enger Ambulanz Plaz mécht, dierf ee verschidde Reegele vum Code de la Route ignoréieren. Dat allerdéngs nëmme mat der néideger Virsiicht.

Et ass ee mam Auto ënnerwee an op eemol gesäit een, dass sech virun engem op der Schnellstrooss, oder op der Autobunn e Stau forméiert. Oder et steet ee mam Auto bei enger rouder Luucht an op eemol héiert een hannert sech d’Sireen vun enger Ambulanz. An esou Situatioune stellen sech engem eng Partie Foren: “Muss ee bei all Stau eng Rettungsgaass forméieren?”; “Dierf ech duerch Rout fueren, fir enger Ambulanz oder engem Policeauto am Asaz Plaz ze maachen?”. Eldoradio huet mam Direkter vun der "Unité de la Police de la Route", dem Laurent Lentz, iwwer genee dës Froe geschwat.

Fänke mer da  mol mam Stau un. Wéi de Laurent Lentz erkläert, ass et obligatoresch eng Rettungsgaass ze forméieren, wann een op enger Autobunn oder Schnellstrooss ënnerwee ass a gesäit, dass den Trafic virun engem op eemol méi lues viru geet, oder engem en Hindernis an der Strooss opfält.

Deementspriechend soll een an esou enger Situatioun net waarden, bis een d’blo Luuchte vun der Ambulanz oder vum Policeauto a sengem Réckspigel gesäit éier, dass een op d’Säit fiert.

Wann een an enger Uertschaft ënnerwee ass, gesäit de Code de la Route explizitt fir, dass een engem Gefier, dat mat Sireen a bloer Luucht ënnerwee ass, Plaz maache muss. Hei muss all Chauffer, déi Mesuren ergräifen, déi sech imposéieren.

An esou engem Fall, ass et dann och erlaabt, déi aner Reegele vum Code de la Route zäitweis ze ignoréieren. Wann een zum Beispill mat sengem Auto bei enger rouder Luucht steet a selwer dat kruziaalt Hindernis ass, dat eng Ambulanz oder e Policeauto, am Asaz um weiderfueren hënnert, ass et erlaabt duerch Rout ze fuere fir dësem Gefier Plaz ze maachen.

Hei kënnt dir de Reportage lauschteren!

Allerdéngs gëtt engem de Code de la Route net d’Recht, fir vun esou enger Situatioun ze profitéieren an duerno weider Reegelen ze ignoréieren. Wann een elo zum Beispill nodeems een duerch Rout gefuer ass, fir enger Ambulanz Plaz ze maachen, weider iwwer eng Kräizung fuere wëll an dann en Accident verursaacht, kann een sech net méi dorops beruffen, dass eng enger Ambulanz, déi en Asaz gefuer ass, Plaz gemaach hätt.

Schlussendlech ass et dann och  esou, dass de Chauffer vun enger Ambulanz oder engem Policeauto am Prinzip net ugesicht ka ginn, wann en Automobilist, deen hinnen aus dem Wee fiert en Accident verursaacht. Et sief dann de Chauffer vum Gefier dat am Asaz ass,  wier op eng onnéideg récksiichtslos Manéier gefuer.