Fir all Mënsch deen net gäre vu sengem Hond getrennt ass. Oder och fäert, dass säi pelzege Frënd sech eleng fillt.

Eis Fuerscher hale wuel ni op nei Saachen z'erfannen. Dat huet mol méi oder manner skurril Resultater. Zu deene méi skurrile gehéiert wuel den "DogPhone".

Der sidd grad an engem Meeting op der Aarbecht. Een Telefon an der Ronn schellt. An dann héiert der folgend Wierder "Sorry, ech muss do kuerz dru goen, et ass mäin Hond!"

Lauschtert hei eran!

Nee, dat ass keen Szenario fir d'Joer 2500 wann iergendeen et fäerdeg bruecht huet Hënn zum Schwätzen ze bréngen. Esou eppes kéint schonn an deenen nächsten 2-3 Joer geschéien. Op der Uni vu Glasgow huet sech d'Fuerscherin Ilyena Hirskyj-Douglas domat beschäftegt esou een "DogPhone" z'entwéckelen. Den Zweck? Hënn déi Verloschtängscht hunn eng Méiglechkeet ze gi mat "hirem" Mënsch ze schwätze wa se no him verlaangeren. D'Fuerscherin ass duerch d'Pandemie op d'Iddi komm well vill Hënn duerchernee wieren duerch Lockdown an Net-Lockdown Zäiten.

A wéi funktionnéiert dat elo?
Den DogPhone ass ee knätschgréngen awer mëlle Ball an deem ee Beschleunegungsmiesser stécht. Wann de Ball gerëselt gëtt vum Hond, gëtt via Computer ee Videocall op den Handy vum Besëtzer gestart. Ausgetest gouf den "DogPhone" vum Zack, dem Ilyena sengem 10 Joer ale Labrador. Uganks krut de Mupp gewise wéi den "DogPhone" funktionnéiert. Duerno ass de Zack wärend 14 Deeg ëmmer nees fir e puer Stonne mam Telefon eleng gelooss ginn. An och wa verschidden Uriff wuel net express geschitt wieren, ass sech d'Fuerscherin sécher, dass eng ganz Partie dovu gewollt waren. Wärend dësen Uriff krut d'Ilyena zum Beispill esou all d'Spillsaache vum Zack gewisen. Ier den "DogPhone" op de Marché kënnt, muss en nach weider getest ginn.