Ongerechtegkeeten tëscht de Geschlechter erlieft een och hei am Land nach an alldeegleche Situatiounen.

Déi lëtzebuergesch Verfassung schreift fir, dass Fraen a Männer déi selwecht Rechter a Flichten hunn. Op Grond vum Geschlecht sollt an DIERFT also u sech keen diskriminéiert ginn! U sech. Déi eng oder aner hunn awer bestëmmt schonn um eegene Leif gespuert, dass d'Realitéit eng aner ass an een och mol wéinst sengem Geschlecht anescht behandelt gouf.

Schonn als Kand gëtt ee mat Geschlechterrollen a Stereotyppe konfrontéiert, déi een onbewosst wouer hëlt a verënnerlecht. Esou passt ee säi Verhalen dorun u wat vun der Gesellschaft als Norm ugesi gëtt: Rosa ass typesch Meedchen a Jonge stinn op Autoen.

An, wien huet elo gesot "dat ass jo guer net méi zäitgeméiss". Ass et och net, ma esou Klischeeë ginn et, an dat nach vill ze dacks, sief et am Marketing, an de Medien, an der Schoul an deemno och spéider am Job an Alldag.

Fir géint esou Denkmuster vir ze goen an eng méi inklusiv Gesellschaft opzebauen ass et deemno wichteg scho bei de Jonken unzesetzen, dass sech esou Klischeeë guer net als Norm duerchsetze kënnen. Eng Initiativ ass de "Rock de Rack", en Event organiséiert vum Ministère vun der Chancëgläichheet, dee speziell fir Schüler aus dem Lycée entwéckelt gouf. Mat Workshops a Gespréichsronne gëtt hei ronderëm d'Thema Gläichstellung tëscht Fraen a Männer sensibiliséiert.

Fir erauszefannen wéi dësen Dag bei de Schüler ukomm ass, wéi si dat Thema gesinn a firwat et och (a grad) fir déi Erwuesse wichteg ass sech aktiv géint Virurteeler anzesetzen, huet d'Catherine am Gudde Moien, Mëtteg mam Jean-Claude Bisenus vun der Organisatioun geschwat.

Lauschtert hei de Live Take vum Gudde Moien, Mëtteg

Eppes steet fest: An enger idealer Welt misste mer dat Ganzt villäicht net méi thematiséieren, ma och am Joer 2021 zu Lëtzebuerg si mer do nach net ukomm! Wien an enger gerechter an inklusiver Welt liewe wëll muss also seng eegen an anere Leit hir Denkmuster a Fro stellen an dierf Diskriminéierung op Grond vum Geschlecht net acceptéieren. Am Mëttelpunkt steet de Mënsch, an net säi Geschlecht.