Bei ville Leit, soll de Wonsch, fir méi nohalteg ze liewen, zu engem ageschränkte Konsum gefouert hunn.

D’Pandemie vum Coronavirus hat en däitlechen Afloss op d’Liewe vun eis all. Vill Leit hunn hir Gewunnechten duerch de Virus missen änneren. Ënner anerem schénge vill Mënschen zënter der Pandemie aneschtes anzekafen. Dat geet op jiddwerfalls aus enger Etüd vun der schweedescher Management-Firma "Intrum" ervir.

Am Kader vun dëser Etüd hat "Intrum" iwwer 24.000 Persounen a 24 Länner befrot.

D’Haapterkenntnis aus dëser Etüd ass dann, dass déi europäesch Konsumenten den Ament manner akafen ewéi virun der Pandemie vum Coronavirus. 6 vun 10 Persounen, déi am Kader vun der Etüd befrot goufen, uginn, dass si den Ament manner akafe géifen ewéi virun der Pandemie.

Den Haaptgrond fir dësen ageschränkte Konsum soll dann de Wëllen, fir méi nohalteg ze liewe sinn. Dësen ass iwwerdeems bei jonken Erwuessenen a Frae besonnesch ausgepräägt. Jeeweils d’Hallschent vun hinnen haten uginn, dass si hire Konsum ageschränkt hätten, fir méi nohalteg ze liewen. Elteren an eeler Leit, haten dann ausgesot, dass si ëmmer méi Produite reparéiere géifen amplaz neier ze kafen.

D’Konsumente verlaangen dann och vun den Entreprisen, dass Dës sech méi nohalteg verhalen. Iwwer d’Hallschent vun de Leit hat uginn, dass si kee Produit vun enger Entreprise, déi d’Ëmwelt schiedegt, kafe géifen. Besonnesch ausgepräägt ass dëse Wäert iwwerdeems mat 68 Prozent a Portugal a mat 62 Prozent a Griicheland. Béid Länner haten dëse Summer mat grousse Bëschbränn ze kämpfen.

Schliisslech, geet aus dem Rapport allerdéngs och ervir, dass vill Leit duerch ze héich Präisser vun engem méi nohaltege Liewensstil ofgehale géife ginn. Esou kéinten 58 Prozent vun de Befrote wéinst den héije Präisser net esou nohalteg liewen, wéi si et eigentlech gäre wéilten.

Lauschtert hei de Reportage!